21. Minett X-DuathlonNational Titele fir Pol Flesch a Samantha Ecker

RTL Lëtzebuerg
Zu Bieles um Gaalgebierg war et déi 21. Editioun vum Minett Cross-Duathlon. Déi Kéier hate sech nëmmen 29 Sportlerinnen a Sportler afonnt.
Cross-Duathlon besteet aus Crosslafen a Mountainbikefueren
Cross-Duathlon besteet aus Lafen a Mountainbikefueren
© HAUKE-CHRISTIAN DITTRICH/dpa Picture-Alliance via AFP

Wéi virun engem Joer, konnt de Pol Flesch sech erëm géint d’Konkurrenz behaapten a säin nationale Championstitel verdeedegen. Zweete gouf den Toni Veigas, virum Raoul Grün, deen op der drëtter Plaz de Podium komplettéiert huet.

Eenzeg Starterin bei den Damme war d’Samantha Ecker, déi sech iwwert den nationalen Titel freeë kann.

Gewonne gouf de Cross-Duathlon vum Lars Holder a vum Milena Vogel, allebéid aus der Äifel vun der TuS Schleiden. Just 29 Participanten hate sech zu Bieles fir d’Kombinatioun aus Crosslafen a Moutainbike afonnt, 30 manner wéi zejoert. D’Nowuesskategorië waren dogéint awer mat méi wéi 120 Participante gutt besat.

Klickt hei drënner, fir d’Resultater vun den Dammen a vun den Hären am Detail ze liesen:

Resultater Dammen an Hären 2026

Klickt hei drënner, fir d’Resultater aus de verschiddenen Alterskategorien am Detail ze liesen:

Cross Duathlon Championnat Alterskategorien

Back to Top
CIM LOGO