Bilan vum EuromeetBarthel a Kemp mat nationale Rekorder a Beschtleeschtungen

Bern Thill
Um Enn vum grousse Schwamm-Meeting an der Coque, dee vill Preparatioun brauch, sinn Athleten an Organisateure ganz zefridde mat der Editioun 2026.
De Bilan vum Euromeet 2026
Zwee nei Rekorder sinn opgestallt ginn

Et ass erstaunlech, mat wat fir enger Präzisioun de Programm vum Euromeet wärend dräi Deeg iwwert d’Bün geet. 220 Benevoller sinn am Asaz, ënnert hinnen eng Rei vu jonke Leit.

De System mat Kameraen, déi um Bueden vun der Piscine installéiert sinn, ass innovativ. Hei kënne Feelentscheedunge vun de Jugen zu Gonschte vum Schwëmmer korrigéiert ginn, oder Feeler déi de Juge net gesinn huet, Disqualifikatioune mat sech bréngen.

De Generatiounswiessel um héchsten Niveau vum internationale Schwammsport spigelt sech och um Euromeet zréck. Et goufen zwee Meetrekorder opgestallt. Et gëtt vu Joer zu Joer méi schwéier fir dës ze briechen, well an de Lëschte stinn Nimm vu Schwëmmerinnen a Schwëmmer, déi um héchsten Niveau Medailen a Rekorder gesammelt hunn. Kënnt derbäi, dass praktesch keng Schwëmmer elo schonn op hirem beschtméiglechen Niveau schwammen.

An trotzdeem ass de Finn Kemp zwou perséinlech Beschtzäite geschwommen a koum souguer op de Podium als Zweete vum 200 Meter 4 Nages, nëmmen néng Honnertstel hannert dem Éischten. Genau esou wéi de Finn huet och d’Emma Barthel um Euromeet aus Lëtzebuerger Siicht geglänzt. Déi 15 Joer al Schwëmmerin huet zwee national Rekorder opgestallt.

Fir vill Schwëmmerinnen a Schwëmmer ass den Euromeet och déi éischt Méiglechkeet, fir d’Atmosphäre vun engem groussen internationale Meeting ze schnupperen an esou d’Motivatioun kréie fir sech weider z’entwéckelen. Déi nächst Editioun vum Euromeet wäert dann eng gutt Geleeënheet si fir d’Fortschrëtter z’evaluéieren.

Liest dozou och dësen Artikel:

Kuckt hei d’Fotoe vum Euromeet:

Back to Top
CIM LOGO