
Fir de Finn Kemp war et e ganz erfollegräichen Euromeet. E Samschdeg war hien an der international staark besater Course iwwer 200 Meter Brasse, mat enger perséinlecher Beschtleeschtung, deen Aachte ginn.
Um Sonnden de Moie waren et mat den 100 Meter Brasse an den 200 Meter 4 Nages zwou Coursë fir den 20 Joer ale Schwëmmer. D’B-Finall vun den 100 Meter Brasse huet de Kemp du bewosst ausgelooss, fir sech ganz op d’Finall vun den 200 Meter 4 Nages ze fokusséieren. D’Decisioun sollt sech ausbezuelen. Seng Stäerkt an der Brasse konnt de Finn Kemp ausspillen, an um Enn, mat just néng Honnertstelsekonne Réckstand, als Zweeten uschloen.
Um Enn vum Weekend an der Coque huet de jonke Schwëmmer sech am RTL-Studio ganz zefridde gewisen:
De Finn Kemp ass fir d’Europameeschterschaft zu Paräis qualifizéiert, déi Mëtt August wäert ausgedroe ginn, an hien hofft, sech um internationalen Niveau nach weider kënnen ze verbesseren. Dat ganz grousst Zil fir de Kemp sinn d’Olympesch Spiller 2028 zu Los Angeles.