Um Sonndeg gouf et fir d'Lëtzebuerger Futtballer ganz ënnerschiddlech Resultater. De Laurent Jans krut déi giel-rout Kaart gewisen.

An der 3. Liga an Däitschland huet Mannheim 0:2 géint Ulm verluer. D'Heemekipp huet d'Partie mat 9 Spiller op en Enn bruecht. De Laurent Jans war vun Ufank un um Terrain, krut an der 33. Minutt déi giel, an an der 86. Minutt déi giel-rout Kaart gewisen. Säin Teamkolleeg Julian Riedel hat an der 12. Minutt déi rout Kaart gewise kritt.

An der 2. Liga huet St. Pauli souverän mat 5:1 géint Holstein Kiel gewonnen. Den Danel Sinani souz 90 Minutten op der Bänk. An der 1. Bundesliga huet Gladbach zu Darmstadt 3:3 gläich gespillt. Den Yvandro Borges gouf net agewiesselt.

De Marvin Martins huet mat Austria Wien 1:2 beim TSV Hartberg verluer. Den Ofwierspiller gouf an der 75. Minutt ausgewiesselt.

An Norwegen gouf et en 1:1-Remis tëschent Kongsvinger a Kristiansund. De Lars Gerson huet de Match duerchgespillt.

Francs Borains aus der 2. belscher Liga huet sech mam Alessio Curci 2:0 géint Lierse behaapt. De Lëtzebuerger stoung vun Ufank un um Terrain a gouf an der 57. Minutt ausgewiesselt. An der 28. Minutt hat hien déi giel Kaart gewise kritt.

De Vincent Thill huet mat Sabah Baku 0:2 bei Qarabag Agdam verluer. De Mëttelfeldspiller gouf an der 64. Minutt agewiesselt.

Den Enes Mahmutovic ass bei der 2:0-Victoire vun ZSKA Sofia géint CSKA 1948 Sofia net an den Asaz komm.

Samschdeg

Fir de Leandro Barreiro a Mainz 05 leeft et an der Bundesliga nach net wierklech ronn. D'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller huet doheem 1:3 géint Stuttgart verluer. De Barreiro konnt wuel den Ausgläich fir seng Faarwe markéieren, mee an der Schlussphas vum Match stoung de Guirassy zweemol op der richteger Plaz an huet de Mainzer déi drëtt Néierlag bäigefüügt. Den FSV stécht mat just engem Punkt déif am Tabellekeller.

De Mathias Olesen stoung bei der 1:3-Néierlag vu Köln géint Hoffenheim wéinst enger Muskelblessur net am Kader.

An der zweeter däitscher Bundesliga gouf et fir de lëtzebuergesche Co-Trainer Raphael Duarte déi zweet Victoire an der Saison, an zwar géint keen anere wéi de groussen HSV. Elversberg war fréi a Féierung gaangen, huet awer och dovu profitéiert, dass den Hamburger zwee Goler duerch de VAR oferkannt goufen. No der Paus hunn d'Saarlänner den zweete Gol geschoss, Hamburg konnt an der 89. Minutt just nach den Éieregol markéieren.

An der éischter belscher Liga hunn den Anthony Moris an Union St. Gilloise eng 0:2-Defaite géint de KRC Genk mussen astiechen. Genk war an der 17. Minutt a Féierung gaangen an huet eréischt an der Nospillzäit vun der zweeter Hallschent mam zweete Gol de Sak zougemaach. Trotz der Néierlag huet d'Ekipp aus engem Bréisseler Quartier just dräi Punkte Réckstand op de Leader Gent.

D'Annonce vu senger Vertragsverlängerung beim SC Bastia huet dem Florian Bohnert kee Gléck bruecht. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung bei der 0:3-Heemdefaite géint Stade Laval 90 Minutten um Terrain, mee konnt déi dräi Géigegoler net verhënneren. Stade Laval, en direkte Konkurrent vu Bastia am Kampf ëm den Opstig, ass elo Éischten, Bastia huet no sechs Spilldeeg fënnef Punkte Réckstand op de Leader.

Freideg

Um Freideg war et d'Nouvelle, datt dem Florian Bohnert säi Kontrakt beim SC Bastia an der Ligue 2 a Frankräich bis 2027 verlängert ginn ass. Wéi et vum Veräin heescht, wier een zefridde mat senge Leeschtungen an och seng Astellung géint stëmmen.

An der Ligue 2 steet d'Ekipp aktuell op der 6. Plaz, e Samschdeg spillt een doheem géint Laval.

An der 2. éisträichescher Liga ass den Dirk Carlson mat sengem Veräin St. Pölten doheem géint First Vienna ugetrueden. Allerdéngs huet d'Ekipp vum Carlson 1:2 de Kierzere gezunn. Hien huet déi komplett Partie gespillt. Eréischt an der 1. Minutt vun der Nospillzäit huet Wien den 2:1 konnte markéieren. St. Pölten läit am Moment mat 15 Punkten op der Plaz 2, dat 3 Punkten hannert Grazer AK.

De Sébastian Thill gouf da bei Stal Rzeszow fir déi 2. Kéier agewiesselt, dat fir 26 Minutte géint Wisla Plock. De Lëtzebuerger huet allerdéngs sech zum Schluss mat 0:1 mat senger Ekipp geschloe ginn. Den 1:0 ass an der 48. Minutt gefall.