Neien Numm, al Diskussiounen
D'Coupe du Prince gouf a Coupe des Hommes ëmbenannt, mee den Timing vun der Kompetitioun steet nach ëmmer an der Diskussioun.
Mat neiem Numm an dem selwechte Konzept stoung den traditionelle Rendez-vous fir d'Lëtzebuerger Liichtathleeten dëse Weekend um Programm. D'Coupe du Prince heescht elo Coupe des Hommes, mee vu dass déi meescht Athleeten d'Summersaison ofgehaakt hunn, ass den Datum ongënschteg. An dat huet een och un der Participatioun bei den Häre gemierkt.
Zwar waren eng Rei Athleeten aus der éischter Rei an och eng Rëtsch Nowuesstalenter um Rendez-vous, mee si trieden éischter fir hire Veräin un, wéi dass si hir Form sichen.
An der Coupe des Hommes steet de Kollektiv am Mëttelpunkt, an dat an enger virun allem individueller Sportaart. Och interessant ass d'Tatsaach, dass verschidden Disziplinnen um Programm stinn, an deenen et Punkte fir déi jonk Athleete ginn. De Veräin, deen d'Nues vir wëll hunn, muss och Wäert op d'Jugendaarbecht leeën.
E Sonndeg geet et mat der Coupe des Dames, wou et kee Changement beim Numm gouf, well et ni eng Coupe des Princesses gouf, weider.