Hesper dréint de Match géint de Racing

© Usch Thommes
De Swift ka sech no engem fréie Réckstand géint de Racing duerchsetzen an Déifferdeng spillt zu Diddeleng 2:2 gläich.
E Samschdeg den Owend stoungen am nationale Futtballchampionnat véier Partië vum 7. Spilldag um Programm. Déifferdeng bleift op mannst fir eng Nuecht un der Tabellespëtzt, dat ee Punkt virum Progrès an zwee Punkte virun Hesper. Monnerech kann e Sonndeg mat Déifferdeng op der éischter Plaz gläichzéien.
Den F91 Diddeleng an den FC Déifferdeng hu sech mat engem 2:2-Remis d'Punkte gedeelt. De Féierungsgol fir den F91 vum Bojic an der 7. Minutt konnt nëmmen dräi Minutten drop den Nagera konteren. Doropshin hunn et béid Ekippe méi lues ugoe gelooss, hu sech awer allebéid och ëmmer nees no vir getraut. Kuerz virun der Paus koum et dann nach duerch en Eelefmeter zu der Déifferdenger Féierung. Nom Säitewiessel hunn déi ronn 600 Spectateuren zu Diddeleng net méi sou vill offensiv Aktioune gesinn. De Gol zum 2:2 sollt dann awer nach falen. Wéi aus dem Näischt konnt den Hadji de Ball no engem schéinen Zesummespill mam Freire am Gol ënnerbréngen an domat um Enn nach ee Punkt fir déi Diddelenger retten.
Hesper huet sech dann trotz engem fréie Réckstand mat 2:1 géint de Racing behaapt. An der 18. Minutt huet de Buch dem Golkipp mat engem placéierte Schoss an den Eck keng Chance gelooss a sou fir d'Féierung vun de Gäscht gesuergt. Gutt zéng Minutten drop war et dann allerdéngs de Kerger, deen de Ball no engem Fräistouss onglécklech an den eegene Gol geleet an de Spillstand domat egaliséiert huet. Am zweeten Duerchgang ass d'Intensitéit dann nach ee Stéck eropgaangen an et huet ee gemierkt, dass och d'Nervositéit bei der Lokalekipp vun Hesper ëmmer méi geklommen ass. Dëst sollt sech dann awer mam Simões ännere, wéi hien an der 81. den 2:1 markéiere konnt an um Enn fir d'Victoire vum Swift gesuergt huet.
An den zwee weidere Matcher vum Owend gouf et eng 2:1- Victoire fir Péiteng géint d'Fola a Stroossen huet zu Nidderkuer mat 0:2 de Kierzere gezunn.
E Freideg den Owend hat sech zum Optakt vum Spilldag Miersch mat 2:1 géint Käerjeng behaapt.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Diddeleng - Déifferdeng 2:2
1:0 Bojic (7'), 1:1 Nagera (10'), 1:2 Monteiro (43'), 2:2 Hadji (67')
Hesper - Racing 2:1
0:1 Buch (18'), 1:1 Kerger (30'), 2:1 Simões (81')
Péiteng - Fola 2:1
1:0 Osmanovic, 2:0 Tekiela (79'), 2:1 Camara (83')
Nidderkuer - Stroossen 2:0
1:0 Jarmouni (56'), 2:0 Mixtur (63')