Lars Gerson mat Giel-Rout vum Terrain geflunn

De Marvin Martins huet mat Austria Wien an duebeler Ënnerzuel en 0:0 iwwer d'Zäit gerett. Fir de Seid Korac gouf et eng batter Néierlag an der Nospillzäit.
Sonndeg
Am Wiener Derby hu sech Austria Wien a Rapid Wien 0:0 getrennt. D'Ekipp vum Marvin Martins war bal déi komplett zweet Hallschent an duebeler Ënnerzuel, well den Holland an de Braunöder bannent 3 Minutte vum Terrain geflu waren. Rapid konnt awer kee Kapital doraus schloen. Austria kritt zwar ee Punkt, bleift am Tabellekeller stiechen.
An der Belsch kann Union St. Gilloise déi drëtt Victoire hannertenee feieren. Den Anthony Moris konnt säi Gol beim 3:1 géint Charleroi net komplett propper halen, mee et waren dräi wichteg Punkte fir d'Ekipp vu Bréissel.
De Laf vun Elversberg an der zweeter däitscher Bundesliga ass ënnerbrach. D'Saarlänner mam Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte hu sech am Heemmatch géint Greuther Fürth 1:1 getrennt an hu mëttlerweil véier Punkten Avance op d'Relegatiounsplaz.
De Lars Gerson huet d'Néierlag vu Kongsvinger net bis zum Schluss um Terrain erlieft. De Lëtzebuerger ass an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent beim Stand vun 1:1 mat Giel-Rout an d'Kabinn geschéckt ginn. Am zweeten Duerchgang huet Bryne an de leschte Minutte vum Match nach zwee Goler geschoss an de Match domat 3:1 gewonnen.
Och fir de Seid Korac gouf et dëse Weekend keng Punkten. Degerfors huet um 25. Spilldag an der héchster schweedescher Liga 2:3 géint Sirius verluer. Et war déi drëtt Néierlag hannertenee fir Degerfors, déi elo fënnef Punkte Réckstand op eng sécher Tabelleplaz hunn. De Seid Korac gouf an der 82. Minutt agewiesselt, fir den 2:0 iwwer d'Zäit ze bréngen, mee Sirius huet bannent 10 Minutten dräi Goler geschoss an de Match nach gedréint.
Samschdeg
An der zweethéchster tierkescher huet den Olivier Thill mat Sanliurfaspor ee Punkt ergattert. Beim Auswäertsmatch géint Tuzlaspor stoung et um Enn 1:1. De Lëtzebuerger war un enger Rei Golaktioune bedeelegt a gouf an der 77. Minutt ausgewiesselt. Et war den éischte Punkt fir Sanliurfaspor no zwou Néierlagen.
Och fir d'Ekipp vum Vincent Thill gouf et net déi voll Punktzuel. Sabah Baku huet sech mat engem 2:2 bei Sabail FK mussen zefridde ginn. Wéi säi Brudder Olivier gouf och de Vincent Thill no knapp 70 Minutten ausgewiesselt.
Am Stadderby tëscht Stal Rzeszow a Resovia Rzeszow hat Stal d'Nues vir. D'Ekipp vum Sébastien Thill konnt sech mat 2:1 behaapten an ass net méi Leschten an der Tabell vun der éischter polnescher Liga. Nodeems Stal zur Paus a Féierung louch, konnt Resovia an der 56. Minutt ausgläichen. Kuerz viru Schluss konnt de Prokic fir Stal den decisive Gol markéieren.
Waldhof Mannheim huet bis elo eng duerchwuesse Bilanz opweises. No der 3:1-Victoire géint Freiburg II steet d'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller Laurent Jans am Mëttelfeld vun der Tabell, mat dräi Punkte Réckstand op eng Opstigsplaz an dräi Punkte Virsprong op eng Ofstigsplaz.
An der Bundesliga gouf et fir Mainz an de Leandro Barreiro eng weider batter Néierlag. D'Ekipp aus Rheinland-Pfalz huet sech mat 0:3 géint Leverkusen musse geschloe ginn. Mainz war duerch en Eegegol a Réckstand geroden an huet an der zweeter Hallschent net méi an de Match fonnt. De Barreiro stoung wärend 90 Minutten um Terrain.
De Mathias Olesen stoung bei der 0:2-Néierlag vu Köln géint Stuttgart opgrond vun enger Muskelverletzung net am Kader.
Den Tim Hall an Ujpest kënne sech iwwer eng 2:1-Victoire géint den direkte Konkurrent Debrescen freeën. Ujpest läit no aacht Spilldeeg op der véierter Positioun a véier Punkten hanner dem Tabelleleader Ferencvaros Budapest.
Fir den Alessio Curci a Francs Borains war et kee gudden Dag. D'Ekipp vum Lëtzebuerger verléiert 0:2 géint Seraing, en direkte Konkurrent, a verléiert den Uschloss un d'Spëtzenekippen an d'Opstigsplazen. De Curci gouf an der 77. Minutt beim Stand vun 0:2 agewiesselt.
Sankt Pauli steet no der 2:1-Victoire bei Hertha Berlin op der éischter Plaz vun der zweeter däitscher Bundesliga. Ouni den Asaz vum Lëtzebuerger Nationalspiller Danel Sinani hunn d'Hamburger Kiezkicker de Laf vun der Hertha gestoppt.
Freideg
Et war dëst den Duell tëscht dem Tabellenzweeten an dem Tabellenéischten.
D'Gäscht aus Graz haten de bessere Start an de Match a sinn no 15 Minutten duerch de Lichtenberger mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 22. Minutt hat St. Pölten d'Geleeënheet auszegläichen, ma den Tadic huet en Eelefmeter verschoss.
An der zweeter Hallschent konnt St. Pölten an der 68. Minutt duerch de Julian Keiblinger ausgläichen.
Nëmmen 3 Minutte méi spéit huet St. Pölten den 2:1 gefeiert, dat no engem Corner. De Ramsebner hat gekäppt an an enger éischter Phas hat den Arbitter och op Gol decidéiert. Duerno gouf déi Decisioun awer nees zeréckgeholl an et blouf beim 1:1.
Sankt Pölten huet awer weider Gas ginn a wollt onbedéngt déi 3 Punkten.
An der 86. Minutt koum dunn awer déi kal Dusch. No enger gudder Eenzelaktioun vum Michael Cheukoua konnt Graz nees a Féierung goen.
An der 89. Minutt hunn d'Gäscht aus Graz dunn den Deckel drop gemaach an duerch den Stefanon den 3:1 markéiert.
De Lëtzebuerger Dirk Carlson gouf dunn an der 90. Minutt ausgewiesselt. Fir hie koum de Scharner op den Terrain, ma dat sollt um Score näischt méi änneren.
St. Pölten verléiert wichteg Punkten am Kampf ëm d'Tabellespëtzt an huet elo schonn 8 Punkte Réckstand op Graz.