BundesligaBayern iwwerrennen Darmstadt, Leipzig souverän géint Köln

RTL Lëtzebuerg
Wärend de Bayern a 45 Minutte aacht Goler gelonge sinn, verschäerft sech d'Kris vun Union Berlin ëmmer méi. Stuttgart verléiert den Derby géint Hoffenheim.
© AFP

Beim Retour vum Manuel Neuer, dee knapp 10 Méint wéinst engem Beebroch ausgefall war, huet Bayern München den Opsteiger Darmstadt mat 8:0 iwwerrannt. Dobäi waren an der éischter Hallschent keng Goler gefall, mee net manner wéi dräi Spiller goufe vum Arbitter mat glat Rout fréizäiteg an d’Kabinne geschéckt. Zousätzlech kruten d’Münchener e Gol vum Sané wéinst Abseits duerch de VAR oferkannt.

Am zweeten Duerchgang hunn d’Bayern hir Iwwerzuel genotzt a bannent 25 Minutte siwe Goler geschoss. Et war de Kane, deen den éischte Gol fir de Rekordmeeschter markéiere konnt, wat den Optakt vun der Münchener Golflut war. Duerno hunn d’Münchener de Ball am 5-Minutte-Rhythmus am Gol ënnerbruecht an enger kämpferescher Darmstädter Ekipp déi héchst Néierlag an der Bundesliga zougefüügt. De Kane huet säin zweete Gol zum 5:0 vun der Mëttellinn aus geschoss.

Leipzig huet et de Bayern nogemaach a Köln souverän mat 6:0 heemgeschéckt. D’Heemekipp krut an der 15. Minutt en Eelefmeter zougesprach, deen den Timo Werner verwandelt huet. Kuerz virun der Paus huet Leipzig dunn dräi Mol zougeschloen, woumat de Match schonn no 45 Minutten decidéiert war. Och no der Paus Leipzig weider de Match gestalt a Köln keng gréisser Chance op e Gol gelooss. De Lëtzebuerger Mathias Olesen gouf an der 80. Minutt mat Giel-Rout vum Terrain gesat. Hie gouf eréischt an der 70. Minutt agewiesselt a stoung soumat just knapp 10 Minutten um Terrain. An de leschte Minutte si Leipzig nach zwee weider Goler gelongen.

Stuttgart war bis elo d’Iwwerraschungsekipp vun der Saison, muss um 9. Spilldag awer seng zweet Néierlag astiechen. De VfB, ouni de Golgetter Guirassy, verléiert den Derby géint Hoffenheim 2:3. Hoffenheim war fréi a Féierung gaangen a konnt no engem Eelefmeter an der 20. Minutt op 2:0 stellen. Stuttgart konnt seng Chancen eréischt an der zweeter Hallschent verwäerten an den Uschlossgol markéieren. Hoffenheim huet awer direkt gekontert an nees den alen Ecart hiergestallt. De Guirassy-Ersatz Undav konnt nach eng Kéier verkierzen, mee d’Gléck sollt net op Stuttgarter Säit sinn.

Bei Union Berlin ass weiderhin de Wuerm dran. D’Eiserne verléieren de Krisenduell zu Bremen mat 0:2 a sti weiderhi ganz ënnen dran. An enger chancenaarmer éischter Hallschent huet Bremen vum engem Eegegol vum Berliner Knoche profitéiert. Union wollt de Match dréinen, mee déi Taktik war no enger Rouder Kaart an der 60. Minutt dohin a Werder huet dorausser Profitt geschloen an den 2:0 markéiert. Bremen konnt domat seng éischt Victoire no dräi Néierlage feieren.

Den Trainerwiessel schéngt Augsburg guttgedoen ze hunn. Den FCA gewënnt och säin zweete Match ënner dem Trainer Thorup, dës Kéier 3:2 doheem géint Wolfsburg. Augsburg war mat 1:0 a Féierung gaangen, mee d’Gäscht konnten de Match nach virun der Paus zu hire Gonschten dréinen, sou dass et mat 2:1 fir d’Wëllef an d’Paus goung. An der 79. Minutt huet sech de Bornauw en Eegegol geleescht a kuerz drop huet Augsburg den 3:2 geschoss. Och wa Wolfsburg nach eng Kéier probéiert huet, aus der Giel-Rouder Kaart Augsburg Kapital ze schloen, ass hinnen dat net gelongen.

Och Gladbach konnt sech mat enger 2:1-Victoire géint Heidenheim virleefeg aus dem Tabellekeller zéien. Et war eng verdéngt Victoire fir d’Fohlen, déi schonn an der 4. Minutt duerch de Pléa a Féierung goungen. Duerno hat Gladbach nach eng helle Wull u Chancen, mee Heidenheim huet déi schlecht Chancëverwäertung bestrooft an nach virun der Paus ausgeglach. Schlussendlech sollt Gladbach vun engem Eegegol vum Heidenheimer Föhrenbach profitéieren, fir um Enn als Gewënner vum Terrain ze goen.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO