
SV Darmstadt - VfL Bochum 1:2
0:1 Asano (25'), 1:1 Nürnberger (43'), 1:2 Asano (54')
Nodeems den Asano seng Faarwen no enger knapper hallwer Stonn konnt a Féierung bréngen, huet den Nürnberger kuerz virun der Paus fir den Ausgläich gesuergt. Ma an der zweeter Hallschent war et nees den Asano, deen ee Feeler vun Darmstadt am Spillopbau ausnotze konnt an op 1:2 gesat huet. Obwuel d’Haushäre vun der 70. Minutt un an Ënnerzuel waren, hu si weider op dee verdéngten Ausgläich gedréckt. Dee sollt awer bis zum Schluss net méi falen, woumat Bochum déi éischt Victoire vun der Saison feiert an an der Tabell laanscht Darmstadt zitt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
FC Bologna - Lazio Roum 1:0
1:0 Ferguson (46')
Obwuel Lazio am éischten Duerchgang déi besser Ekipp war, konnte si sech net mat engem Gol belounen. Bologna huet et dunn direkt no der Paus besser gemaach an ass quasi mat der éischter Chance a Féierung gaangen. Dësen Avantage huet d’Lokalekipp dunn och gutt verdeedegt, soudass Lazio Roum kaum méi geféierlech virun hire Gol komm ass. An enger Partie mat wéinege Strofraumzeenen hält Bologna domat déi 3 Punkten doheem a spréngt am Klassement laanscht Lazio op Plaz 6.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Paris Saint-Germain - HSC Montpellier 3:0
1:0 Lee (10'), 2:0 Zaïre-Emery (58'), 3:0 Vitinha (66')
Schonn no 10 Minutte huet de Lee mat engem schéinen Ofschloss den 1:0 fir d’Paräisser markéiert. An der Suite war de PSG déi dominant Ekipp, huet et awer laang verpasst, fir nach ee Gol dropzesetzen. Dat ass deem jonken Zaïre-Emery schliisslech gelongen, ier de Vitinha fir déi endgülteg Decisioun gesuergt huet. D’Formatioun vum Luis Enrique steet domat tëschenzäitlech un der Tabellespëtzt, kann awer nach vun Nice iwwerholl ginn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
UD Las Palmas - Atlético Madrid 2:1
1:0 Kirian (51'), 2:0 Ramirez (75'), 2:1 Morata (83')
No enger éischter Hallschent ouni vill Aktioune viru béide Goler konnt Las Palmas kuerz no der Paus duerch de Kirian a Féierung goen. Den Opsteiger huet géint Atlético Madrid gutt matgehalen a kaum Chancen zougelooss. An der Offensiv war Las Palmas dogéint enorm effektiv, soudass de Ramirez an der 75. Minutt nach een dropsetze konnt. Kuerz drop konnt de Morata nach den Uschlossgol markéieren, ma fir méi sollt et net méi duergoen. D’"Rojiblancos” mussen domat déi zweet Néierlag dës Saison astiechen, wärend Las Palmas op déi 9. Plaz spréngt.