An der Drëtter Hallschent gëtt dës Woch net nëmmen iwwer Tennis geschwat.

Déi fréier Nummer 21 an der Weltranglëscht huet viru 5 Joer e Schlussstréch ënnert déi aktiv Tenniskarriär gezunn. De Gewënner vun der legendärer Aachtelsfinall 2017 zu Wimbledon géint de Spuenier Rafael Nadal, deemools d'Nummer 2 am ATP-Ranking, huet an deene leschte Joren den Iwwergang vum professionellen Tennisspiller op Eegeninitiativen an dat "normaalt" d'Beruffsliewe richteg gutt gepackt.

De Gilles Muller wollt ni e 40-Stonnen-Job op engem Büro. Am Moment mécht hie genee dat, wat him richteg Spaass mécht. De 40 Joer ale Davis-Cup-Kapitän ass och nach Commentateur fir ATP-TV, Directeur Sportif beim Tennis Club Spora a perséinlechen Trainer vun der aktueller Lëtzebuerger Nummer 1 dem Alex Knaff.

Virun allem als Coach entdeckt de Gilles Muller Facettë vu sech, déi ee virun e puer Joer nach net fir méiglech gehalen hätt.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 128: Gilles Muller