Aus dem nationale Futtball ass et en Dënschdeg d'Nouvelle, datt d'Jeunesse Esch an de Marc Thomé getrennte Weeër ginn.

14 Trainer an Zäit vun 13 Joer ass schonn e stramme Verschläiss, en Dënschdeg koum dee 15. dobäi. Déi Escher Jeunesse an hiren Trainer Marc Thomé hu sech "en commun accord", wéi dat ëmmer esou schéin heescht, getrennt.

De Lëtzebuerger Rekordchampion am Futtball kënnt einfach net an déi fréier Erfollegsspueren zeréck. No 11 gespillte Matcher stinn déi Schwaarz-Wäiss just op der 11. Positioun, dat ass eng Barrageplaz. Lo koum et also zu der fréizäiteger Trennung, seet de President vun der Jeunesse Marc Theisen, well d’Erwaardungen net erfëllt goufen.

Den Interim wärend der Lännermatch-Paus mécht elo emol de Co-Trainer Arnaud Bordi. De Comité vun der Ekipp vun der Escher Grenz huet natierlech elo e Punkt op der Dagesuerdnung deen heescht, en neien Trainer fannen.

D'Jeunesse huet déi lescht 7 Matcher am Championnat net méi gewonnen, véiermol gouf et e Remis an dräimol eng Defaite. No de Lännermatcher geet et fir de Rekordmeeschter bei den aktuelle Champion op den Hesper Holleschbierg bei de Swift.