Fréiere Paralympics-Sportler Oscar Pistorius kënnt ënner Oplage fräi

© POOL/AFP/File/Alon Skuy
Dee wéinst Doudschlag verurteelten Oscar Pistorius soll de 5. Januar ënner Oplagen aus dem Prisong entlooss ginn. 2013 hat hie seng Frëndin erschoss.
Dat huet déi südafrikanesch Justiz e Freideg confirméiert. U sech wier seng Prisongsstrof nach bis 2031 gaangen.
An der Nuecht op Valentinsdag 2013 hat de 37 Joer ale 6-molege Paralympics-Goldmedaile-Gewënner seng Frëndin Reeva Steenkamp mat véier Schëss duerch d'Toilettendier vu senger Villa ëmbruecht. Am Prozess, dee sech iwwert Jore gezunn huet, huet de Pistorius widderhuelt ausgesot, hien hätt hannert der Dier en Abriecher vermutt, d'Beweiser hunn allerdéngs géint hie geschwat. 2014 gouf e wéinst Homicide involontaire zu enger Prisongsstrof vu 5 Joer verurteelt, 2017 gouf d'Urteel op 13 Joer a 5 Méint wéinst Mord erhéicht.
Well e seng Prisongsstrof zur Hallschent ofgesiess huet, hat den Oscar Pistorius no südafrikaneschem Gesetz e Recht op eng Iwwerpréiwung vun enger méiglecher Entloossung ënner Oplagen.