De Jonathan Schmid ënnerschreift ee Kontrakt vun annerhallwem Joer bis zum Schluss vun der Saison 2025.
Den 33 Joer ale Fransous ass op der Säit polyvalent asetzbar a stoung bis viru Kuerzem bei Austria Lustenau an Éisträich ënner Kontrakt.
De Schmid huet 299 Matcher an der Bundesliga fir den SC Freiburg, d’TSG Hoffenheim an Augsburg gespillt a konnt 35 Goler an der ieweschter däitscher Liga markéieren.

Säin éischten offizielle Match fir Nidderkuer wier dann eréischt an engem Mount. Da kritt d’Ekipp vum Jeff Strasser et auswäerts mat Miersch ze dinn.