Um Samschdeg goufen d'Halleffinallen an der Coupe am Basket an der Coque um Kierchbierg gespillt.

An der Coupe Loterie Nationale bei den Hären steet d'Résidence Walfer als éischt Ekipp an der Finall. Virun 1675 Zuschauer wënnt Walfer mat 82:58 géint den Titelverdeedeger Ettelbréck. Eng Iwwerraschung gouf et scho virum Match, bei der Etzella huet de Nationalspiller Ivan Delgado matgespillt. Als Member vun der Sportsarméi ass hien aktuell op der Sich no engem Veräin am Ausland, hien trainéiert säit e puer Woche bei der Etzella.

No enger ausgeglachener Ufanksphas huet sech d'Résidence am zweete Véierel ofgesat. Mat engem 17:1-Laf virum Säitewiessel huet sech d'Ekipp vu Walfer eng 39:26-Féierung erausgespillt. Ettelbréck hat 5 Minutte kee Rhythmus an huet dofir missen an der zweeter Hallschecht engem Réckstand hannendru lafen. Och am drëtte Véierel huet Ettelbréck net zu sengem séiere Spill fonnt a Walfer konnt de Virsprong op 23 Punkten ausbauen (64:41). Ettelbréck konnt sech net méi zeréck an de Match kämpfen a wäert säin Titel domat net verdeedege kënnen. Mat 25 Punkte konnt de Leon Ayers iwwerzeegen, de Raul Birenbaum huet 17 Punkte bäigesteiert.

Um Sonnde spillt an der zweeter Halleffinall bei den Hären Hiefenech aus der Nationale 2 géint d'Sparta Bartreng.

Dammen

Am Lalux Ladies Cup bei den Damme setzt sech den Titel-Verdeedeger Gréngewald Hueschtert kloer géint d'Amicale Steesel duerch. No engem staarke Start an de Match huet sech de Lëtzebuerger Champion schonn am zweete Véierel ofgesat a louch an der Paus 51:28 a Féierung.

RTL

© Guy Seyler

Steesel konnt am drëtte Véierel net méi reagéieren, de Réckstand aus Sicht vun der Ekipp vum Trainer Erny Gruskovnjak ass weider gewuess an no 30 Minutte war d'Amicale 30 Punkten hannen (46:76). Béid Ekippen hunn am leschte Véierel rotéiert an um Enn wënnt de Gréngewald mat 97:63.

Mat 23 Punkten huet d'Samantha Logic beim Gréngewald am beschte getraff, insgesamt hunn 9 Spillerinne vum Favorit Punkte markéiert.

Um Sonnde spillt an der zweeter Halleffinall bei den Dammen den T71 Diddeleng géint d'Sparta Bartreng.

D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Hären

Dammen