Biathlon-WM zu Nove Mesto
2. Goldmedail fir de Johannes Thingnes Bö

© AFP
E Mëttwoch waren d'Hären am Eenzel iwwer 20 Kilometer gefuerdert.
Seng zweet Goldmedail bei dëser Biathlon-WM huet sech de Johannes Thingnes Bö geséchert. Kee Konkurrent war dem Norweger op der 20 Kilometer laanger Streck gewuess. Sëlwer huet den Tarjei Bö gewonnen, dee sech wéi säi Brudder ee Feeler am Schéisse geleescht huet, awer 58 Sekonne méi lues war. Bronze ass un de Benedikt Doll aus Däitschland gaangen. Hien hat mat engem Feeler e Retard vun enger Minutt an 53 Sekonnen.
Fir de Johannes Thingnes Bö ass et deen 19. Weltmeeschtertitel. Dem Norweger feelt elo nach ee WM-Titel, fir de Rekord vu sengem Landsmann Ole Einar Björndalen ze egaléieren.
Am meeschte gelies