Lille gewënnt den Nord-Derby géint Lens
An der franséischer Ligue 1 koum et e Freideg den Owend zum Duell tëscht dem 4. an dem 6. aus der Tabell.
Den OSC Lille hat Besuch vun RC Lens. D'Heemekipp ass schonn an der 9. Minutt duerch den Edon Zhegrova a Féierung gaangen. Bis zu Hallschent war de Match zimmlech ausgeglach, méi Golchancen hat allerdéngs Lille.
No der Paus war et Lens, déi méi aktiv waren an och an der Ufanksphas méi Ballbesëtz haten. Si konnten awer kee Profit draus schloen... am Géigendeel, well an der 60. Minutt huet nees de Zhegrova fir Lille getraff.
Lens huet reagéiert an direkt 3 Spiller ausgewiesselt. Nei era koum ënnert anerem den Elye Wahi, deen an der 78. Minutt op 2:1 verkierze konnt an de Match domat nees spannend gestalt huet.
6 Minutten Nospillzäit sollte Lens net weider hëllefen, a sou blouf et bis zum Schluss beim 2:1 fir Lille.
Domat bréngt Lille virleefeg op Plaz 3 an der Tabell, Punktgläich mat Monaco, déi e Samschdeg op Metz reesen. E Samschdeg kënnt et och nach zum Duell tëscht Olympique Lyon a Stade Reims.
All déi aner Matcher sinn e Sonndeg.