Am Basket ass et d'Nouvelle, dass de Fielsser Trainer Chris Wulff de Veräin no engem Joer verléisst.

Wéi de Veräin um Freideg matdeelt, huet de Lëtzebuerger Trainer, deen och d'Espoirs- a Cadetsekipp vum Veräin trainéiert, dem Comité seng Entscheedung matgedeelt.

D'Arantia war an der Véierelsfinall no engem Krimi géint d'Résidence Walfer rausgeflunn, den drëtte Match ass eréischt an der zweeter Verlängerung entscheet ginn.