Aarmdrécken. Dat huet wuel jidderee scho mol gemaach - ënner Kolleegen, an der Schoul oder am Café - fir ze kucke wie méi staark ass.

Ma et ginn och Leit, déi dat professionell als Sport maachen. Armwrestling nennt een dat dann. E Kraaftsport, bei deem et kloer Reegele gëtt a wou een décke Bizeps eleng net duergeet.

Et ass eng testosteron-gelueden Ambiance zu Schëtter um Kalina Cup, enger internationaler Competitioun am Armwrestling. Ronn 150 Aarmdrécker aus enger Dose Länner loossen hir Muskele spillen. Matzendran d’Rosa Baltodano: Mëtt 40, gebierteg aus Costa Rica, zanter puer Joer awer an Däitschland aktiv. Si ass eng vu sechs Fraen, déi an hirer Kategorie untrieden, an ass trotz Succès nach ëmmer nervös virun engem Match. “Wenn ich meinen Namen in der Tabelle sehe, wow, das ist so ein Gefühl im Bauch”, erzielt d’Sportlerin, “aber wenn ich dann gegen meine erste Gegnerin gewinne, ist es eine Motivation und ich denke ‘du kannst das!’”.

An hirer Gewiichtsklass huet d’Rosa scho méi wéi ee wichtegen Titel an der Täsch: Däitsch Meeschterin, Europa- a Weltmeeschterin. Dobäi koum se nëmmen duerch Zoufall op dëse Sport. Eigentlech hat si nämlech Volleyball gespillt – bis hir Teamkolleeginnen a Costa Rica si enges Daags op een Tournoi am Aarmdrécken opmierksam gemaach hunn.

“Sie haben gesagt ‘Rosa, du bist sehr stark, wieso probierst du es nicht einmal?’. Ich hatte keine Ahnung über Technik, Regeln,...ich habe bei Null angefangen. Trotzdem habe ich bei diesem Turnier den ersten Platz bekommen.”

Zu Lëtzebuerg gëtt et den Ament keng Fra, déi Armwrestling mécht. Déi eenzeg, déi do war, ass an d’Ausland geplënnert. An awer huet de Sport an de leschte Joren u Beléiftheet gewonnen. Zanter der Pandemie huet sech d'Memberszuel vum eenzegen offizielle Club zu Lëtzebuerg méi wéi verdräifacht. Esou zielt de Grizzly Armwrestling Club mëttlerweil ëm di 35 Memberen.

Een dovun ass den 23 Joer jonke Sean Grethen. Hien ass dat aktuell gréissten Talent vu Lëtzebuerg a war a senger Alterskategorie scho 5. op der Weltmeeschterschaft vun 2021. “Wann ee bis de Sport verstanen huet an d’Technik geléiert huet, ass et eigentlech en zimmlech schéine Sport”, erkläert de Sean, “fir mech ass am Wichtegsten, dass een all Woch mat de Jongen zesummekënnt an trainéiert”.

RTL

Am Training stäerkt hie besonnesch seng Hand a säin Ënneraarm. Ma et ass net just d’Kraaft, déi zielt, mee och d’Technik – déi een och viru Verletzunge schützt. De Sean géif sech wënschen, dass Lëtzebuerg e bësse méi bekannt gëtt an der Armwrestling-Welt. An dobäi kéint dësen Event hëllefen. Et geet drëms, de Sport ze promouvéieren, ze weisen, dass e fir jiddereen op ass an ewech ze komme vum deels schlechten Image, fënnt de Luc Wendling vun der Armfight Factory.

“Ech mengen d’Leit hunn all deen Image vum Armwrestling, déi grouss an déck Leit, déi dann e bëssen Aarmdrécke mat engem Béier an der anerer Hand. De Sport ass eppes ganz anescht. Ech gleewe wierklech un de sozialen Aspekt vum Armwrestling. De Sport huet sou vill Potenzial a ka ville Jugendlechen hëllefen, aus der Playstation eraus ze kommen, a fir e conviviale Moment ze suergen.”

Et ass e flott Mateneen, fënnt och d’Rosa Baltodano, där hire Club an Däitschland ronn 100 Memberen zielt. Jonk, al, Männer, Fraen a Mënsche mat Handicap. Virop géif et drëms goen, dass d’Leit Spaass hunn a sech wuelfillen am Club. Duerno kann een de Sport perfektionéieren. An dat mécht d’Rosa gréisstendeels mat Männer, wat si awer net stéiert, wéi si verréit: “Ich fühle mich dadurch stärker. Natürlich sind Männer auf einem hohen Niveau. Aber trotzdem helfen sie mir.”

Och wa si mat Passioun beim Aarmdrécken dobäi ass, ass d’Rosa mat engem sportlechen Zil op de Kalina Cup komm. An zwar fir sech fir de prestigiéisen Tournoi East vs. West an der Tierkei ze qualifizéieren – wat hir gelongen ass. D’Rosa huet sech zu Schëtter souwuel mam rietse wéi och mam lénksen Aarm op déi éischt Plaz gekämpft.