No 38 Joer
Et gëtt en neie Weltrekord am Diskus-Werfen

Den Europameeschter Mykolas Alekna aus Litauen huet de Rekord vum Däitsche Jürgen Schult e Sonndeg gebrach.
En huet domadder den eelste Männer-Weltrekord an der Liichtathletik verbessert. Den 21-Joer jonke Sportler huet d'Scheif e Sonndeg bei engem Event an den USA ganzer 74,35 Meter wäit geheit. D'Resultat muss nach offiziell iwwerpréift an unerkannt ginn.
De fréiere Weltrekord-Halter Jürgen Schult hat säi Rekord deemools fir d'DDR opgestallt. Zu Neubrandenburg hat hien e Resultat vu 74,08 Meter erreecht. Haut ass de Jürgen Schult 63 Joer al. Op de Worf vum Mykolas Alekna, deen elo säi Weltrekord gebrach huet, sot hien, dat wier eng "saustarke Leistung".
Am meeschte gelies