Michel Théato huet bei den Olympesche Spiller 1900 Gold gewonnen

© Collection Jules Beau 1900
An enger Zäit vun 2 Stonnen, 59 Minutten a 45 Sekonnen huet de Michael Théato de Marathon op den Olympesche Spiller 1900 zu Paräis gewonnen.
Domat war de Michel Théato deen éischten olympesche Champion fir Frankräich an dobäi war hien net emol Fransous. De Statistiker Alain Bouillé huet nämlech erausfonnt, datt de Michel Théato am Grand-Duché gebuer gouf an zum Zäitpunkt vun den Olympesche Spiller net déi franséisch Nationalitéit hat.
De Michel Théato war am Alter vun 12 Joer a Frankräich geplënnert an huet zu Paräis wuel bei engem Bäcker als Livreur geschafft. De Marathon-Leefer huet an enger Paräisser Banlieue gewunnt a war do och am Liichtathletikveräin. Hätt den Théato virun 1900 déi franséisch Nationalitéit ugeholl, hätt hie wärend den Olympesche Spiller misse säi Militärdéngscht untrieden, esou den Alain Bouillé.
An der Suite wollt Lëtzebuerg d'Olympescht Gold fir sech beusprochen. Dës Demande gouf 2004 awer vum IOC (Internationalen Olympesche Comité) ofgeleent. Deemno bleift dem Michel Théato seng Goldmedail a franséischer Hand.
Marathon 1900

© Collection Jules Beau 1900
D'Course, déi de Michel Théato deemools gewonnen hat, war kontrovers. Nëmmen 19 Athlete sinn un den Depart vun de 40,26 Kilometer gaangen an nëmme 7 sinn an d'Zil komm. Den Dag vun der Course waren net nëmmen 39 Grad, ma d'Leefer hunn och mam alldeegleche Liewen zu Paräis misse kloer kommen, well et goufe keng Stroosse gespaart, keng Butteker zougemaach an och soss goufe keng gréisser Mesurë geholl.
En Deel vum Théato senge Konkurrenten huet d'Victoire vum Lëtzebuerger ugezweiwelt. Si soten, hien hätt Ofkierzunge geholl, dat gouf awer ni bewisen. Um Enn huet de Michel Théato an enger Zäit vun 2 Stonnen, 59 Minutten a 45 Sekonne souverän virum Fransous Émile Champion an dem Schwed Ernst Fast gewonnen.