Loris Stephany wiesselt vun Diddeleng op Berbuerg

© Val Wagner (Archiv)
Aus dem nationalen Dëschtennis ass et d'Nouvelle, datt den DT Berbuerg sech fir d'nächst Saison mam Nowuesstalent Loris Stephany verstäerkt.
Aktuell steet den 19 Joer ale Lëtzebuerger op Plaz 35 an der Verbandsranglëscht. No enger ganz staarker Saison an der héchster Divisioun vum nationale Championnat, verléisst hien elo no néng Joer den DT Diddeleng.
Zu Berbuerg wäert hien d'Plaz vum Michael Schwarz anhuelen, dee sengersäits den aktuellen Halleffinalist Enn der Saison verléisst. De Berbuerger Veräin huet nieft dem Transfert vum Loris Stephany och annoncéiert, datt de Leandro Fuentes, den David Henkens an den Tom Scholtes hir Kontrakter verlängert hunn.
Mat deem neie Quartett hofft een, och d'nächst Saison ganz uewe kënne matzespillen.
Offiziellt Schreiwes
Loris Stephany wiesselt op Berbuerg
Den 19 Joer jonke Loris Stephany, aktuell Nummer 35 an der Verbandsranglëscht, wiesselt fir d'Saison 24/25 bei den Dëschtennis Berbuerg. Hien hëlt d'Platz vum Michael Schwarz an, dee jo bekanntlech zréck an Däitschland geet. „Wann Berbuerg spillt dann ass ëmmer eng gutt Ambiance an der Hal, doheem genau sou wéi auswäerts. Ech hunn mech direkt gutt mat de Leit aus dem Veräin verstanen a freeë mech d'nächst Saison Deel vun der éischter Equipe ze sinn. Mir wäerte mat enger ganz jonker Equipe untrieden déi top motivéiert ass. Besonnesch freeën ech mech drop fir mam Tom zesummen an enger Equipe ze spillen, mir kennen eis scho säit mer Kanner sinn a pfleegen eng gutt Frëndschaft."
De Loris huet seng éischt Bäll beim Dëschtennis Ierpeldeng (haut DT Scheierbierg) gespillt, éier hien mat 10 Joer bei den deemolege Champion Diddeleng gewiesselt ass. Nodeems hien de Sprong an d'éischt Equipe gepackt huet war hien déi lescht Joren e feste Bestanddeel vum Diddelenger Kader. Dës Saison konnt de Loris konstant op engem héijen Niveau spillen, wat hie mat enger vun de beschte Bilanzen aus der Audi League ënnersträiche konnt. Mat Victoirë géint de Gleb Shamruk, David Henkens, Jim Cloos, Matas Skucas huet hie gewisen dass hie géint jidderee gewanne kann.
No 9 Joer zu Diddeleng war hie bereet fir en neien Challenge, a wëll mat Berbuerg ganz uewe matspillen. „Meng Ziler mam Veräin sinn natierlech fir ëm de Championstitel an d'Coupe matzespillen. Berbuerg ass dës Saison scho bei béide Kompetitiounen an d'Halleffinall komm, an ech wëll d'nächst Joer och ganz fir matspillen. Ech wëll a menger Zeit hei onbedéngt en Titel fir den DT Berbuerg gewannen! Perséinlech wëll ech de Verain sou gutt wéi méiglech ënnerstëtzen a representéieren, an eng gutt Performance ofliwwere wann et drop ukënnt."
Niewent dem Transfert vum Loris si mir och frou annoncéieren ze kënnen dass de Leandro, den David an den Tom hir Kontrakter verlängert hunn, an eis Equipe domat fir d'nächst Saison steet.
Go DTB!