US-Turnerinne sollen 100 Milliounen Dollar Entschiedegung kréien

© AFP
Ronn 100 Mëssbrauchsaffer vum fréiere Sportdokter Larry Nassar solle vun der US-Regierung entschiedegt ginn. Dat mellen US-Medien.
Ronn 100 Mëssbrauchsaffer vum Dokter Larry Nassar haten den FBI verklot. Hire Reproche: D'US-Autoritéiten hätten ze spéit op Hiweiser op de Mëssbrauch reagéiert an dem Dokter et esou erméiglecht, fir méintelaang weider Sportlerinnen ze mëssbrauchen.
Den US-Justizministère huet sech wuel bereet erkläert, 100 Milliounen Dollar Entschiedegung u ronn 100 Mëssbrauchsaffer vum fréiere Sportdokter Larry Nassar ze bezuelen. Dat mellen de Wall Street Journal an d'Noriichtenagence AP. Eng deementspriechend aussergeriichtlech Eenegung wier viru Méint getraff ginn. De Verglach wier zwar nach net formaliséiert, ma vun den Affer am Grondsaz akzeptéiert ginn. D'Sue goufen der AP no nach net iwwerwisen. De Justizministère wollt sech net äusseren.
Den Nassar war Dokter vun den Turnerinnen op der Michigan State University. Den haut 60 Joer ale Mann gouf zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt. Hie soll wärend senger Zäit als Dokter vun der US-Turnnationalekipp a vun der Michigan State University méi wéi 265 Fraen a Meedercher sexuell mëssbraucht hunn. Ënnert sengen Affer sinn ënnert anerem d'olympesch Goldmedaile-Gewënnerinne Simon Biles, Aly Raisman a McKayla Maroney.
Mat den 100 Milliounen Dollar vum US-Justizministère géif d'Zomm vun allen Entschiedegunge fir d'Nassar-Affer op ronn eng Milliard Dollar klammen. Dorënner si 500 Milliounen Dollar, déi d'Michigan State University am Joer 2018 am Kader vun engem Verglach zougesot hat.