Lëtzebuerg klappt Slowenien 86:7
An der Europe Rugby Conference, engem regionalen Turnéier fir opstriewend Länner, konnt sech Lëtzebuerg souverän behaapten.
Am sechste Match vun der Europe Rugby Conference hunn d'Rout Léiwen am Stade de Luxembourg 86:7 géint Slowenien gewonnen a steet domat weiderhin ongeschloen un der Tabellespëtzt vun der Grupp B. D'Ekipp vum Nationaltrainer Alexandre Benedetti huet sech mat dëser Victoire fir d'Playoffe qualifizéiert an huet d'Chance, an eng méi héich Liga ze klammen.
An engem faire Match, wou et keng Penaltye gouf, wat d'Iwwerleeënheet vun de Lëtzebuerger ënner Beweis stellt, huet Lëtzebuerg 14 Tries realiséiert. Slowenien par conter huet just duerch een Try kënne punkten.

© RTL / Helder Loureiro Alves