Déifferdeng trëfft an der Finall op Diddeleng

© RTL / Serge Olmo
Déifferdeng packt d'Iwwerraschung a klappt Käerjeng an der Halleffinall. An der Finall spille si géint Diddeleng, déi géint de Standard gewonnen hunn.
Mam HB Diddeleng steet den éischte Finalist an der Coupe fest. Den HBD huet d'Ekipp vum HC Standard bis op d'Ufanksphas dominéiert a gewënnt um Enn 52:10. De Géigner vum HBD heescht Red Boys Déifferdeng, déi den amtéierende Champion Käerjeng mat 26:24 eliminéiert hunn.
HB Diddeleng - HC Standard 52:10 (27:4)
Diddeleng huet vun Ufank u kloer gemaach, wéi den Hues lafe soll an dass de Standard keen Hindernis um Wee an d'Finall vun der Coupe soll ginn.
Den HC Standard konnt an den éischten 10 Minutten de Réckstand a Grenzen halen, mee no der direkter Disqualifikatioun fir d'Kapitänin Maëlys Dubé ass Diddeleng dervu gezunn. De Spillstand an der Paus war 27:4 zu Gonschte vun der Ekipp vum Trainer Mikel Molitor.
Nom Säitewiessel huet Diddeleng do weidergemaach, wou se virun der Paus ugefaangen haten: Goler um Fléissband schéissen. Schonn an der 45. Minutt hat d'Ekipp aus der Forge du Sud 40 Goler um Kont stoen.
Den HC Standard huet sech awer net opginn a säin Zil, sech deier ze verkafen, ëmgesat. Trotz villen technesche Feeler op der Säit vum Standard konnte si am zweeten Duerchgang méi Goler schéisse wéi an den éischten 30 Minutten. Och d'Golkippesch vum Standard konnt e puer flott Parade weisen.
Um Enn huet Diddeleng, den Tabelleleader aus der Axa-League, eng souverän Victoire gefeiert a steet héichverdéngt an der Finall.
HB Käerjeng - Red Boys Déifferdeng 24:26 (11:11)
Den zweete Match tëscht Käerjeng an Déifferdeng war méi spannend, mam méi glécklechen Ausgang fir Déifferdeng. Domat ass Déifferdeng an der Finall de Géigner vum HB Diddeleng.
Déifferdeng hat de Match mat vill Tempo ugefaangen a louch no 6 Minutte 4:1 vir. Käerjeng huet e bësse gebraucht, fir sech op dat Déifferdenger Spill anzestellen. No 10 Minutte konnt d’Lena Kirtz zum 5:4 erasetzen, wat déi éischt Käerjenger Féierung am Match war.
Duerno blouf de Match serréiert a keng Ekipp konnt sech richteg ofsetzen, soudass et mat engem 11:11 an d’Kabinne goung. Dass de Spillstand esou enk war, huet och doru geleeën, dass d’Golkipper op béide Säiten, d’Zorana Jurcevic (HBK) an d’Emiline Hoé (RBD), eng gutt Leeschtung opweise konnten.
De Match ass och an der zweeter Hallschent bis zum Schluss enk bliwwen. Déifferdeng konnt an der 38. Minutt d’Féierung iwwerhuelen an déi huet bis an d’56. Minutt gehalen. Käerjeng ass och am zweeten Duerchgang reegelméisseg un der Emiline Hoé hänke bliwwen an ass dem Réckstand hannendru gelaf.
Déifferdeng huet sech vum Ausgläich awer net decouragéiere gelooss a säi Stiwwel weidergespillt. Um Enn steet Déifferdeng no enger kämpferescher Leeschtung verdéngt eng éischt Kéier an der Veräinsgeschicht an der Coupe-Finall vun den Dammen.