An der Finall vun der Coupe de Luxembourg behaapt sech den HB Esch no Verlängerung mat 33:32 géint d’Red Boys Déifferdeng.

Virun 1.473 Spectateuren am Gymnase vun der Coque war et bis an déi lescht Sekonn e spannende Match. An der éischter Hallschent hat Déifferdeng, den amtéierende Coupegewënner, e liichte Virdeel a louch zur Paus 13:11 vir. Well et no 60 Minutte kee Gewënner gouf, ass de Match an der Verlängerung decidéiert ginn,
mam besseren Enn fir Esch. Fir d’Ekipp aus der Minettmetropol ass et den 33. Titel an der Veräinsgeschicht.

Handball-Coupe: De Reportage vum Gilles Tricca

HB Esch – Red Boys Déifferdeng 33:32 n.V. (27:27, 11:13)

Déifferdeng huet vun Ufank un op seng staark Defense gesat an huet am Ugrëff virun allem vun de Goler vum Baptiste Audiffred a Brice Aillaud profitéiert. Esch huet sech am Ufank mat der Defense vun de Red Boys schwéier gedoen a konnt eréischt no 5 Minutten den éischte Gol markéieren.

No enger Véierelstonn hat Esch ausgeglach an de Match war weiderhi vu Kampf op béide Säite gepräägt. Wann déi Schwaarz-Wäiss getraff hunn, huet Déifferdeng duerch eng Schnell Mëtt dacks am Géigenzuch geäntwert a konnt seng Avance ëmmer bei 1-2 Goler halen.

Dass de Spillstand zur Paus 13:11 fir d’Red Boys geheescht huet, louch och un de Golkipper op béide Säiten. Virun allem de Chris Auger am Déifferdenger Gol, deen no enger Blessur vum Matej Mudrinjak vun der 22. Minutt un am Gol stoung, huet beim Public fir Begeeschterung gesuergt.

Am Ufank vum zweeten Duerchgang huet sech den Escher Golkipp Kenan Hadrovic mat 2 Parade bei 7-Meteren an de Fokus gespillt an duerft doropshin bis zur 56. Minutt den Escher Gol hidden. Um Enn koum hien op 7 Paraden.

D’Ekipp vum Trainer Adrian Stot huet, wéi an der Halleffinall géint Diddeleng, mat enger variabeler 5:1-Verteidegung agéiert an Déifferdeng domat aus dem Konzept bruecht. Déi éischt Féierung fir den HBE an der 42. Minutt huet den Nikola Malesevic op der Déifferdenger Bänk zu engem Time-Out gezwongen.

Well sech am weidere Verlaf keng Ekipp kloer ofsetze konnt an de leschte Schoss vun Esch net am Filet gelant ass, goung et beim Stand vu 27:27 an d’Verlängerung. De Match gouf och do mat der leschter Aktioun, engem 7-Meter vum Ognjen Jokic, decidéiert. Fir Esch ass et den 9. Titel zënter der Fusioun am Joer 2001 an den
insgesamt 33. Titel an der Veräinsgeschicht.

Déi Escher hunn den Titel dann och entspriechend gefeiert

Den Iwwerbléck vun de Resultater