Munneref steigt an d'LBBL op, d'Kordall Steelers falen eraus

© AFP / Archiv
Um Samschdeg huet sech am Basketball-Championnat entscheet, wéi eng Ekippen an d'LBBL steigen oder rausfalen.
LBBL - Playdown
Am Ofstigsgrupp an der LBBL hunn d'Musel Pikes sech um leschte Spilldag eng Plaz am Barrage geséchert. No enger 71:59-Victoire zu Mamer hunn d'Pikes domat d'Méiglechkeet an der LBBL ze bleiwen. Dofir muss d'Ekipp eng "Best-of-3"-Serie géint Schieren aus der Nationale 2 gewannen.
Aus der LBBL eraus falen d'Kordall Steelers, déi um Samschdeg mat 92:99 géint den zweeten Ofsteiger Gréngewald Hueschtert verluer hunn. Béid Ekippe wäerte sech deemno nächst Saison eng Etage méi déif erëm begéinen.
Nationale 2 - Playoff
Am Playoff an der Nationale 2 hat Hiefenech den Opstig an d'LBBL scho viru Woche perfekt gemaach. Um Samschdeg konnt Munneref sech déi zweeten Opstigsplaz sécheren a wäert domat 2024/25 fir déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht an der héchster Liga spillen. D'Ekipp vum Trainer Bob Adam huet um Samschdeg zwar no Verlängerung mat 78:79 zu Miersch verluer, den Opstig awer trotzdeem realiséiert.
Déi 3. Plaz an der Tabell erkämpft sech Schieren duerch eng 76:68-Victoire géint Hiefenech. Domat qualifizéiert sech Schieren fir de Barrage géint d'Musel Pikes.