D'Ekipp vum Laurent van Elslande huet déi 2. Finall knapp mat 3:2 gewonnen a kann den Titel verdeedegen.

Um Sonndeg gouf déi zweet Finall bei den Dammen nach emol gespillt, well et ënnert der Woch e Feeler am Arbitrage gouf.

Mamer stoung ënner Drock, well Walfer déi 1. Finall fir sech entscheet hat. An déi 2. Finall war genau sou knapp wéi déi éischt. Walfer louch séier mat 2:0 an de Sätz vir. Dono ass Mamer awer erwächt a konnt op 2:2 stellen. Am decisive Saz huet Walfer awer d'Iwwerhand behalen a sech mat 3:2 duerchgesat.

Den 1. Saz war ausgeglach mat liichte Virdeeler fir Mamer. Beim 18:18 huet Walfer awer 3 Punkten um Stéck gemaach. Et war d'Virentscheedung, well Walfer dee Set mat 25:22 fir sech entscheet huet.

Den zweete Saz war och op Aenhéicht, éier Walfer op 18:13 dovu gezunn ass. Mamer ass zwar nach emol zréckkomm, huet um Enn awer mat 22:25 de Kierzere gezunn.

Am drëtte Saz war Walfer am Ufank vir. Mamer huet dono awer eng Reaktioun gewisen an huet kloer an däitlech mat 25:16 gewonnen. Mamer war elo voller Confiance an huet de nächste Set mat 25:12 fir sech entscheet.

Decisioun sollt also wéi an der 1. Finall am leschte Saz falen. Den Ufank war nach ausgeglach dono ass Walfer awer op 7:4 dervu gezunn. Mamer konnt net méi entscheedend reagéieren. De Saz goung mat 15:10 u Walfer.