No animéierten awer net ëmmer héichklassegen 90 Minutten hu Bayern München a Real Madrid 2:2 gläich gespillt.

Um Dënschdeg stoung den éischten Allersmatch vun den Halleffinallen an der Champions League um Programm.

Resumé Champions League vum Jeff Kettenmeyer

An do gouf et en 2:2-Remis tëscht Bayern a Real Madrid. D'Heemekipp hat an der éischter Hallschent gutt ugefaangen, d'Gäscht hunn awer de Gol markéiert. An der zweeter Hallschent huet Bayern de Match banne véier Minutte gedréint an hat alles am Grëff. No engem onnéidege Feeler am Strofraum konnt de Vinicius no engem Eelefmeter awer nach ausgläichen. Fir de Retourmatch an enger Woch zu Madrid bleift et also spannend.

Bayern München - Real Madrid 2:2

0:1 Vinicius Junior (24'), 1:1 Sané (53'), 2:1 Kane (57', Eelefmeter), 2:2 Vinicius Junior (83', Eelefmeter)

Schonns fir déi sechste Kéier si Bayern a Real an enger Halleffinall vun der Champions League openee getraff. D'Partie war knapps ugepaff wéi d'Bayern déi éischt grouss Chance hat. No enger Aktioun iwwer lénks ass de Sané eleng am Strofraum opgedaucht. De Lunin konnt säi Schoss awer paréieren. Bayern huet mat vill Tempo no vir gespillt, war awer ze harmlos am Ofschloss. De Kane, de Sané an de Musiala hunn tëscht der 6. an der 12. Minutt dräi weider Chancë leie gelooss.

An den éischte 15 Minutte war vum Real näischt ze gesinn. De geféierleche Stiermer Vinicius huet vill Zweekämpf géint de Laimer verluer. Just an deem Ament wou d'Partie sech berouegt hat, konnt de Real awer vir d'éischt zouschloen. No engem Stellungsfeeler vum Kim huet de Vinicius an der 24. Minutt mam éischte Schoss op de Gol den 1:0 markéiert. De Kroos hat de Ball mat enger schéiner Pass an Déift virbereet.

D'Gäscht stoungen elo méi kompakt an der Ofwier an den Däitschen ass et net méi sou liicht gefall, fir am leschten Drëttel effektiv virun de Gol ze kommen. Et ass vill am Mëttelfeld hin an hir gespillt ginn. Kuerz virun der Paus huet de Kane e Fräistouss ass ronn 20 Meter laanscht geschoss.

Nom Säitewiessel huet Madrid der Heemekipp weider d'Spill iwwerlooss, war selwer virum Gol awer och geféierlech. De Kroos ass mat sengem Schoss um Neuer hänke bliwwen. Op der anerer Säit ass aus dem Näischt den 1:1 gefall. De Sané krut op der rietser Säit de Ball, ass an de Strofraum gezunn an huet de Ball am kuerzen Eck ënnerbruecht. Real war veronséchert an huet kuerz drop den zweete Géigegol kasséiert. No engem Feeler vum Vazquez op de Musiala am Strofraum, huet de Kane den Eelefmeter erageschoss an de Match komplett gedréint.

Am Match war elo op béide Säite méi Tempo dran. An der 64. Minutt huet de Vinicius eng gutt Chance leie gelooss. D'Bayern hunn awer och no vir gespillt an de Kane huet 2 Minutten drop knapp laanscht geschoss.

An der Schlussphas huet Real awer nees méi investéiert. Fir d'éischt konnt de Neuer géint de Vinicius paréieren. An der 82. Minutt huet den Arbitter no engem Feeler vum Kim op de Rodrygo op de Punkt gewisen. De Vinicius konnt de Ball souverän am Filet ënnerbréngen. An de leschte Minutte sollt näischt méi passéieren, soudass d'Partie mat engem 2:2-Remis op en Enn goung.

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater vun der Champions League ze kommen.