Hesper an Nidderkuer stinn an der Finall

© Roland Miny
De Swift Hesper huet sech an der éischter 1/2-Finall mat 2:0 zu Stroossen behaapt an och Nidderkuer konnt sech owes zu Munneref mat 2:0 duerchsetzen.
E Mëttwoch stoungen am nationale Futtball béid 1/2-Finallen an der Coupe de Luxembourg um Programm. Mëttes konnt sech Hesper mat engem 2:0-Succès zu Stroossen eng Plaz an der Finall sécheren. Do geet et géint de Progrès Nidderkuer, dee sech genau sou mat 2:0 zu Munneref behaapt huet.
Munneref - Nidderkuer 0:2
0:1 Daham (6'), 0:2 Jarmouni (86')
D'Gäscht vun Nidderkuer waren zu Munneref viru knapp 1400 Spectateuren mat vill Schwong an d'Partie gestart an hunn och séier den 1:0 markéiert. An der 6. Minutt war et den Daham, deen den Noschoss vum Natami verwandele konnt. Déi Munnerefer goufen domat kal erwëscht a si hu sech och an den nächste Minutten zimmlech schwéier gedoe gutt an de Match ze fannen. Déi éischt bescht Chance vun der Lokalekipp ass et no ronn 25 Minutte ginn, wéi den Abdelkadous mat engem geziilte Schoss an de lénken Eck de Nidderkuerer Golkipp op d'Prouf gestallt huet. An den nächste Minutten hunn d'Haushären d'Vitesse an domat och den Drock op déi Nidderkuerer ëmmer weider erhéicht. Doduerch ass et och zu där eng oder anerer gudder Golchance ënnert anerem vum Bourigeaud a Simon komm, déi awer ouni Succès bliwwe sinn. Fir d'Paus ass et fir de Progrès also mat enger knapper Féierung an d'Vestiairë gaangen.
Nom Säitewiessel ass d'US Munneref mat vill Schwong an enger engagéierter Prestatioun nees op den Terrain komm. Si hunn déi ganzen Zäit de Wee no vir gesicht an d'Gäscht ware vläicht ee Stéck ze passiv. D'Spannung huet sech mat deem knappe Réckstand bis an d'Schlussphas era gehalen, wou d'Lokalekipp awer ëmmer manner Iddien hat. D'Unzuel vun de Chancen huet ofgeholl a fënnef Minutte viru Schluss sollt et dann och eng Decisioun ginn. Den Jarmouni huet sech de Ball virum géigneresche Strofraum geholl, een Defenseur stoe gelooss a mat engem placéierte Schoss Nidderkuer definitiv an d'Finall geschoss.
Stroossen - Hesper 0:2
0:1 Holzhauser (38'), 0:2 Holzhauser (43')
Viru gutt 800 Spectateuren zu Stroossen si béid Ekippen an den éischte Minutte vum Match ouni all ze vill Risiko an d'Partie gestart. Doduerch, datt béid Ekippe sech Zäit gelooss a sech als éischt Mol ofgetaascht hunn, war et virun deenen zwee Goler am Ufank roueg. Déi éischt Golchance vum Match gouf et fir d'Gäscht no gutt 15 Minutten, wéi de Kappball vum Simao aus fënnef Meter vum Özcan paréiert konnt ginn. Am weidere Spillverlaf war Hesper liicht méi am Ballbesëtz, ma och déi Stroossener Ekipp huet sech ëmmer méi eppes getraut an de Wee no vir gesicht. No 38 Minutten hunn d'Haushären dann awer den éischte Géigegol kasséiert. Bei engem schéinen Zesummespill war et den Holzhauser, deen um Enn op der richteger Plaz stoung an de Ball aus siwe Meter hannert d'Linn drécke konnt. Déi nächst schlecht Nouvelle fir Stroossen war duerno net wäit fort, wéi nëmme fënnef Minutte méi spéit den Arbitter no engem Handspill vum Bernardelli op den Eelefmeterpunkt gewisen huet. Den Holzhauser ass hei ugetrueden an huet mat sengem zweete Gol vum Dag op 2:0 erhéicht.
No der Paus huet d'Ekipp vun Hesper da mat der Féierung am Réck de Géigner méi ulafe gelooss an op hir Chance fir eng eegen Attack gewaart. Well et der Lokalekipp awer u Vitesse am offensive Spill gefeelt huet, konnt de Swift de Ball gutt vum Gol forthalen. D'Zäit ass ëmmer méi a Richtung 90 gelaf an et huet keen Androck gemaach, wéi wa sech un der Sortie vum Match nach eppes ännere géif. Opreegung op der Säit vun der Lokalekipp gouf et dann awer nach an der 83. Minutt, wéi den Dupire am Gol de Ball net festhale konnt an doropshin am Nogräifen och e Stroossener Spiller mat ëmgeheit huet. Den Arbitter huet trotz groussem Protest decidéiert keen Eelefmeter ze päifen a sou sollt de Match och mat engem 2:0 fir Hesper op en Enn goen.
Vun 19.00 Auer u kënnt et e Mëttwoch den Owend nach an der zweeter 1/2-Finall zum Duell tëscht Munneref an Nidderkuer.