Ok Um Sonndeg gouf bei den Hären de véierte Match vun der Best-of-5-Serie an der Finall gespillt.

Hären - Finall

De Resumé vum Match Etzella géint Steesel
Steesel ass neie Lëtzebuerger Champion

Um RTL Play fannt Dir de ganze Match am Replay.

De Champion vun der Saison 2023/2024 heescht Amicale Steesel. D'Ekipp vum Trainer Daniel Brandao huet sech mat 69:65 zu Ettelbréck duerchgesat an sech domat an der "Best-of-5"-Serie mat 3:1 behaapt. Fir Steesel ass et den 10. Championstitel bei den Hären an der Veräinsgeschicht.

D'Gäscht hunn an der éischter Hallschecht dovu profitéiert, dass d'Lokalekipp kee Rhythmus fonnt huet. Vun 11 Versich aus der Distanz hunn déi Ettelbrécker an den éischten 20 Minutten nëmmen 1 getraff. Ugefouert vun engem staarke Bob Melcher, dee mat perséinleche 15 Punkte virum Säitewiessel glänze konnt, huet Steesel och kollektiv iwwerzeegt a louch an der Paus mat 46:29 a Féierung.

Ettelbréck huet missen eng Reaktioun weisen am drëtte Véierel an déi ass och komm. Mat engem 11:0-Laf konnt d'Etzella de Réckstand op 8 Punkte verkierzen. Nodeems seech Steesel nees e méi grousse Virsprong konnt erkämpfen, ass et kuerz viru Schluss ganz séier gaangen, wéi aus dem Näischt war d'Etzella zeréck am Match. De Jimmie Lee Taylor huet e puer schwéier Wërf noenee getraff an de Réckstand war eng Minutt viru Schluss op 1 eenzege Punkt geschrumpft. De Philippe Gutenkauf huet 15 Sekonne viru Schluss en Dräier verfeelt, deen Ettelbréck hätt kennen a Féierung bengen. Kuerz drop hat Ettelbréck nach eng Chance de Match auszegläichen, dem Jimmie Lee Taylor säin Dräier ass allerdéngs och knapp donieft gaangen. 4 Steeseler Spiller hunn zweestelleg Punkte markéiert. De Kim Aiken Jr huet 20 Punkten markéiert an de Noah Medeot konnt vun der Bänk 12 wichteg Punkte bäisteieren.