Diddeleng séchert sech Plaz 3, Bierchem mat 3. Néierlag

© Gilles Tricca
Um virleschte Spilldag sinn d’Decisiounen ëm déi europäesch Plaze gefall. Bei den Damme leeft alles op en Duell Diddeleng-Käerjeng eraus.
Axa League Hären
Um virleschte Spilldag vun der Saison huet sech Diddeleng an enger golräicher Partie géint Esch déi 3. Plaz geséchert. Diddeleng hat vun Ufank un de Lead iwwerholl an hat ëmmer 2-3 Goler Virsprong. Mat dësem Virsprong sollt et och an d’Paus goen (22:19).
Nom Säitewiessel huet sech Esch mat 2 séieren Zäitstrofe selwer geschuet an Diddeleng konnt bis zur 40. Minutt op 6 Goler dervun zéien (31:25). Och duerno ass den Ecart op Diddelenger Säit konstant gewuess, fir dass den Tablo um Enn 47:41 ugewisen huet.
Op Diddelenger Säit hunn ënner anerem déi laangjäreg Spiller Tommy Wirtz a Mikel Molitor hire leschte Match virun heemesche Publikum gespillt, vu dass si no dëser Saison mam Handballspillen ophalen.
Nodeems den HC Bierchem sech déi lescht Woch schonn de 7. Meeschtertitel an der Veräinsgeschicht séchere konnt, huet d’Ekipp vum Trainer Marko Stupar dëse Samschdeg géint Déifferdeng eréischt déi drëtt Néierlag (2 Championnat, 1 Coupe)
an der Saison kasséiert.
Bierchem louch am éischten Duerchgang just zwee Mol a Féierung (4:3 a 5:4), de Rescht vun der Zäit waren d’Red Boys vir, an dat mat enger maximaler Avance vu 4 Goler no enger Véierelsstonn. Duerno konnt Bierchem mat engem 6:2-Laf egaliséieren, mee Déifferdeng huet sech bis zur Paus nees 21:19 ofgesat.
D'Uspanung aus de leschte Woche war bei Bierchem net méi do an esou hu sech d’Red Boys ab der 45. Minutt successiv ofgesat. D’Goler sinn am Minuttentakt gefall an dofir stoung um Enn och eng kloer 44:37-Victoire fir Déifferdeng.
Den HB Käerjeng huet sech no der schlechter Prestatioun virun enger Woch géint Bierchem um Enn souverän géint de Chev Dikrech behaapt. Dikrech, dat mat just 10 Spiller ugetruede war, war vun Ufank am Hannertreffen, konnt awer ëmmer a Schlagdistanz bleiwen. Käerjeng huet an der éischter Hallschent virun allem vun de Goler vum Armin Zekan (5 Goler) profitéiert, soudass et an der Paus 19:16 fir d’Ekipp vum Trainer Zoran Radojevic stoung. Och am zweeten Duerchgang huet Käerjeng
de Match souverän geréiert a sech kontinuéierlech ofgesat. Trotz de wéinegen Auswiesselspiller huet Dikrech gutt matgehalen, mee um Enn gouf et eng 37:32-Victoire fir Käerjeng.
Spillplang Häre Playoff
An der Relegatioun bleift et spannend, wien an der nächster Saison an der Axa-League spillt. Den HB Rëmeleng goung als Gewënner aus dem Spëtzematch géint Schëffleng ervir (31:29), soudass béid Ekippen elo nees punktgläich un der Tabellespëtzt stinn. Och de Standard ass nach an der Course ëm den Opstig, nodeem d’Ekipp aus der Haaptstad de Museldall mat 20:17 geklappt huet. Am drëtte Match vum Owend huet sech Bieles mat 32:26 beim HB Miersch duerchgesat.
Axa League Dammen
Um drëttleschte Spilldag bei den Dammen huet sech Diddeleng zu Gréiwemaacher keng Bléisst ginn an den HB Museldall mat 34:15 deklasséiert. An engem eesäitege Match war Diddeleng mat engem 10:1-Laf an de Match gestart an hat domat scho fréizäiteg den Ecart gemaach. Beim Stand vu 7:17 goufen d’Säite gewiesselt.
Am zweeten Duerchgang huet den HBD-Trainer Mikel Molitor vill op déi jonk Gard gesat, déi sech gutt presentéiert huet. Mam Laura Ciufoli, Lara Steffen a Valerie Gomes konnte jonk Spillerinne wäertvoll Erfarung sammelen an hunn och dacks de Ball am Filet ënnerbruecht.
Den HB Käerjeng huet Revanche fir d’Néierlag an der Coupe-Halleffinall virun 2 Woche geholl an Déifferdeng mat 32:25 ofgefäerdegt. Déifferdeng louch no 10 Minutte wuel 6:5 vir, duerno huet awer Käerjeng de Lead iwwerholl an ass bis zur Paus op 19:13 dervu gezunn.
Well Käerjeng nom Säitewiessel weiderhin de Gol aus alle Lage getraff huet, ass de Virsprong tëschenzäitlech op 8 Goler ugewuess. Den amtéierende Champion ass bis zum Schluss um Ball bliwwen an huet Déifferdeng net méi erukomme gelooss. An
der Nidderkuerer Sportshal waren d’Tina Welter (HBK) mat 7 an d’Rijalda Cilovic (RBD) mat 6 Goler déi bescht Scorerinne vun hiren Ekippen.
De spannendste Match vum 7. Spilldag am Playoff gouf et zu Dikrech. Um Enn setzt sech de Chev knapp 25:24 géint den HB Esch duerch. De Match war vun Ufank bis zum Schluss serréiert. Déi éischt Hallschent huet Dikrech d’Féierung ni ofginn.
Nom Säitewiessel konnt Esch déi éischt an eenzeg Kéier kuerzzäiteg d’Féierung iwwerhuelen, mee Dikrech huet sech d’Féierung séier zeréckgekämpft a bis zum Schluss net méi ofginn. Beim Stand vu 24:24 huet Dikrech mam leschte Worf nach den entscheedende Gol markéiert. D’Sarah Kupke (Esch) an Laurence Hoffmann (Dikrech) hu mat jeeweils 9 Goler dem Match hire Stempel opgedréckt.
An der Relegatioun setzt sech Diddeleng2 kloer 40:24 beim HB Bieles duerch a Käerjeng2 gewënnt 26:20 zu Réiden. E Sonndeg de Mëtteg huet de Standard mat enger 33:28-Victoire géint Miersch e wichtege Schratt Richtung Opstig gemaach.