2027
Damme-Futtball-Weltmeeschterschaft gëtt a Brasilien gespillt

Bei der Ofstëmmung um FIFA-Kongress zu Bangkok gouf decidéiert, datt déi 10. Futtball-Weltmeeschterschaft vun de Fraen 2027 a Brasilie gespillt gëtt.
Brasilien konnt sech géint Däitschland, d'Belsch an Holland behaapten. Dës 3 Länner haten eng gemeinsam Kandidatur agereecht.
Am Virfeld haten och Südafrika an Amerika zesumme mat Mexiko hir Kandidatur gestallt. Déi hate si awer am November d'lescht Joer nees zréckgezunn. Beim Vott koum Brasilien op 119 Stëmmen, fir déi europäesch Kandidatur hat de Kongress 78 Stëmme ginn.
Den aktuelle Weltmeeschter bei den Dammen ass Spuenien.
Am meeschte gelies