Porto wënnt d'Coupe a Portugal

© PATRICIA DE MELO MOREIRA/AFP
Am Playoffmatch ëm den Opstig an d'Premier League huet sech Southampton duerchgesat a spillt domadder nächst Saison an der héchster Divisioun op der Insel.
An der Serie A ass d'Saison fir Neapel op en Enn gaangen.
A Portugal huet Sporting den Doublé verpasst. An der Finall hu sech déi Gréng-Wäiss misse géint Porto geschloe ginn. Et war fir déi 20. Kéier, datt Porto d'Coupe gewanne konnt.
Portugal: Coupefinall
Porto - Sporting 2:1 n.V.
0:1 St. Juste (20'), 1:1 Evanilson (25'), 2:1 Taremi (100', Eelefmeter)
Fir d'Gäscht hat de Match gutt ugefaangen. De St. Juste hat seng Ekipp a Féierung geschoss. Porto konnt kuerz drop awer ausgläichen. An der 29. Minutt krut de St. Juste dunn déi rout Kaart gewisen a Sporting war an Ënnerzuel. Trotzdeem huet d'Ekipp vum Ruben Amorim an der Suite net vill zougelooss an et an d'Verlängerung gepackt. Porto war méi frësch a konnt no 100 Minutten 2:1 a Féierung goen. Dono ass näischt méi passéiert a Porto konnt de Match an der Verlängerung fir sech entscheeden.
Championship: Playoffs
Southampton huet sech am leschte Playoff-Match 1:0 géint Leeds United duerchgesat a spillt nächst Saison nees an der Premier League. Den Armstrong huet an der 24. Minutt den entscheedende Gol markéiert. Nieft Southampton si Leicester City an Ipswich Town an déi iewescht Divisioun opgestigen.
Serie A
Atalanta Bergamo - FC Turin 3:0
1:0 Scamacca (26'), 2:0 Lookman (43'), 3:0 Pasalic (71')
Bergamo huet no der 3:0-Victoire géint Turin déi 4. Plaz an der Tabell sécher a kann an engem Nodrosmatch souguer nach op déi 3. Plaz no vir sprangen. Den aktuelle Gewënner vun der Europa League hat géint Turin keng Problemer an ass senger Favoritteroll gerecht ginn.
Neapel - Lecce 0:0
Fir Neapel ass eng duerchwuesse Saison mat engem 0:0-Remis op en Enn gaangen. An der Tabell bedeit dat, datt ee just op der 10. Plaz gelant ass.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
La Liga
Celta Vigo - Valencia 2:2
0:1 Dominguez (5', Selbstgol), 1:1 Aspas (49', Eelefmeter), 1:2 Mari (60', Eelefmeter), 2:2 Douvikas (62')
Am leschte Match vun der Saison hu Celta Vigo a Valencia 2:2 gläich gespillt. D'Gäscht waren an der 1. Hallschent a Féierung gaangen. No der Paus huet d'Heemekipp ausgeglach. Tëscht der 60. an der 62. Minutt sollt nach ee Gol op all Säit falen. Valencia schléisst d'Saison op der 9. Plaz of a spillt nächst Saison net international.