Käerch klëmmt an d'1. Divisioun, fir Wëntger geet et erof

© Steve Beckers
An de Burwiesen zu Mäerzeg stounge sech um Donneschdeg Wëntger a Käerch géigeniwwer, fir déi leschte Plaz an der 1. Divisioun ënnert sech auszemaachen.
Um Donneschdeg den Owend ka sech Käerch am Barrage géint Wëntger déi lescht fräi Plaz an der éischter Divisioun sécheren, fir Wëntger geet et iwwerdeems no der 1:2 Defaite erof an déi 2. Divisioun.
Wëntger - Käerch 1:2
0:1 Ludovicy (8'), 0:2 Ludovicy (36'), 1:2 Rocha (84')
Käerch war direkt mat vill Tempo an d'Partie erakomm. No nëmmen 8 gespillte Minutte konnte si deemno och a Féierung goen, dëst no engem kämpfereschen Asaz am Mëttelfeld vum Schaaf. Dësen huet de Ludovicy an der Mëtt ugespillt an de Käercher Stiermer blouf äiskal virum Mardi am Wëntger Gol.
Wëntger hat nom fréie Réckstand liicht geschockt gewierkt a sou konnt Käerch déi éischten Hallschent iwwer wäit Strecke geréieren an hir Féierung och ausbauen. An der 36. Spillminutt war et op en Neits de Ludovicy, dee sech no engem wäite Ball behaapte konnt, an dat ronnt Lieder humorlos an de Filet gesat hat.

© Steve Beckers
Nom Säitewiessel war Wëntger beméit, de Match nach ze dréinen, ma virun allem offensiv hat et un der néideger Entschlossenheet gefeelt.
Virun 1.584 Supporter stoung Käerch laang sécher, der AS Wëntger war net vill agefall a sou hat et och bis zur 84. Spillminutt gedauert, éiert et erëm richteg geféierlech gouf. No engem Corner vum Mertens konnt sech de Rocha am 5-Meter Raum mam Kapp behaapten a sou gouf et kuerz viru Schluss nach eng Kéier spannend.

© Steve Beckers
Trotz erhéichtem Drock an der Schlussphas vu Wëntger sollt et um Enn net méi duergoen. Soumat konnt Käerch dach nach den Opstig feieren, fir Wëntger geet et iwwerdeems an déi 2. Divisioun erof.