Mat der Swiatek huet sech d'Favoritin an der Finall duerchgesat. D'Polin konnt hire 5. Grand-Slam-Titel feieren, de véierten zu Paräis.

D'Iga Swiatek setzt sech an der Finall vu Roland Garros kloer an zwee Sätz (6:2, 6:1) géint d'Italieenerin Jasmine Paolini duerch. Fir d'Polin, déi och op der éischter Plaz an der Weltranglëscht steet, ass et déi véiert Victoire op Sand zu Paräis (2020, 2022, 2023), an déi drëtt hannerteneen.

No 70 Minutte war de Match um Terrain Philippe-Chartrier gelaf. D'Iga Swiatek huet wéi schonn an den dräi Ronne virdru kuerze Prozess mat hirer Géignerin gemaach a konnt e weidere Grand-Slam-Titel fir sech verbuchen. Am Ufank vum Match konnt d'Paolini nach gutt mathalen a goung souguer no Punkten 2:1 a Féierung. Duerno huet d'Polin de Match awer an d'Hand geholl a souverän zu Enn bruecht. Och am zweete Saz war d'Italieenerin ouni Chance. D'Erreeche vun der Finall bei dësem Grand Slam ass trotzdeem de gréissten Erfolleg fir d'Paolini an hirer 13-järeger Karriär op der Welttour.

E Sonndeg steet dann d'Finall bei den Hären tëscht dem Däitschen Alexander Zverev an dem Spuenier Carlos Alcaraz um Programm.