Bei der 31. Editioun vun de Réiser Päerdsdeeg stoung e Samschdeg d'Qualifikatioun vum Natiounepräis um Programm.

Fir d'Qualifikatioun fir den Natiounepräis zu Lëtzebuerg waren 13 Natiounen ageschriwwen, woubäi der allerdéngs just néng fir eng Plaz an der europäescher Halleffinall gekämpft hunn.

Mat Frankräich, der Belsch, Irland a Groussbritannien ware véier ganz staark Ekippen um Depart, a Lëtzebuerg huet sech mussen ënnert den Top5 klasséieren, fir an d'Halleffinall ze kommen. Dat ass der Lëtzebuerger Ekipp, déi aus de Gesëschter Victor, Charlotte a Basile Bettendorf an der Odile Gierech bestanen huet, awer leider net gelongen.

Um Enn hu just e puer Punkte fir d'Qualifikatioun gefeelt.