Zu Kanech sinn déi bescht Golf-Amateuren aus Europa gesicht ginn
Déi Lëtzebuerger Golffederatioun huet fir déi éischt Kéier d'Senior-Europameeschterschaft vun den Amateuren zu Kanech organiséiert.
Virun iwwer 20 Joer war mat engem Turnéier vun der europäescher PGA Challenge Tour déi lescht grouss Competitioun am Golfsport zu Lëtzebuerg.
Fir d'Lëtzebuerger Federatioun war d'Organisatioun vun der EM vun de Senioren eng grouss Erausfuerderung. Mee eng, déi si mat ronn 40 Benevollen an dem Country Club Kikuoka gutt gemeeschtert huet.
144 Spillerinnen a Spiller aus 30 verschiddene Länner sinn ugetrueden. Dorënner aus Lëtzebuerger Siicht 2 Dammen an 3 Hären. Dobäi sinn ass alles, sot d'Jacqueline Klepper, déi fréier vill Tennis gespillt huet. Mee et ass trotzdeem fir e puer anerer ëm d'gëlle Kou gaangen. An déi waren zefridde mat der Organisatioun an dem Terrain, sou den Utz Schulte, deen an den 80er mam Bernard Langer gespillt huet.
An et gouf dann e Samschdeg an der leschter vun 3 Ronnen eng spektakulär Leeschtung. D'Angelique Machaaij huet um 6. an 10. Lach gläich 2 Mol en Hole in one gespillt. Dat heescht mat nëmmen engem Schlag d'Laach getraff. Den Niveau vun de Spiller war héich. An dofir wollt d'Lëtzebuerger Federatioun d'Vertrauen, wat si vun der EGA, dem europäesche Golfverband kruten, zeréckbezuelen.
Et war en éischte Versuch an eng Méiglechkeet, beim EGA eng gutt Reklamm fir Lëtzebuerg ze maachen, sou de Marc Schmit, President vun der FLG. Et wéilt een op alle Fall nach emol sou een Turnéier oder eng Competitioun an der Jugend organiséieren. De Golf huet bei munche Leit de Ruff fir en elitäre Sport ze dinn. Wuel muss een e bëssen investéieren, mee vu jonk bis al kann een op de verschiddenen Niveaue spillen. Dat verbënnt. Och an der Famill. Den David Winandy war mat sengem Jong Nicolas als Caddy ënnerwee. Den Nicolas ass eent vun de gréisste Lëtzebuerger Talenter an huet sech d'EM vun de Seniore mat sengem Papp net entgoe gelooss. Säi Papp ënnerstëtzt hien dann och zanter den Nicolas 7 Joer huet.
Um Enn ass kee Lëtzebuerger op den éischte Plaze gelant, mee de Grand-Duché huet sech als Golfnatioun vun der beschter Säit gewisen.
Déi komplett Resultater vun der EM fannt Dir um offizielle Site vun der PGA.