Portugal klappt Tschechien a leschter Minutt, dräi Punkte fir d'Tierkei
Laang huet et zu Leipzig dono ausgesi wéi wa Portugal ouni Victoire an d'EM start. Duerch e Gol an der Nospillzäit steet um Enn awer nach en 2:1-Succès.
En Dënschdeg stounge fir den Ofschloss vum 1. Spilldag béid Partien aus dem Grupp F um Programm. Am éischte Match huet sech d'Tierkei mat 3:1 géint Georgien duerchgesat a Portugal wënnt no engem Gol vum Francisco Conceicao an der 92. Minutt mat 2:1 géint Tschechien.
Grupp F: Tierkei - Georgien 3:1
1:0 Müldür (25'), 1:1 Mikautadze (32'), 2:1 Güler (65'), 3:1 Aktürkoglu (90+7')
Am ausverkafte Stadion zu Dortmund si béid Ekippe virun enger euphoriséierter Kuliss an de Match gestart. Déi éischt Minutten hunn d'Tierken de Ball lafe gelooss a sou koum et duerch de Kaan Ayhan och zu enger éischter richteg gudder Chance op d'Féierung, déi allerdéngs vum Potto verhënnert gouf. Méi Gléck hate si dann e puer Momenter méi spéit, wéi de Mert Müldür mat engem direkte Volley op 1:0 stelle konnt. Weider zwou Minutten drop louch de Ball dann eng zweete Kéier am Gol, ma nom Asaz vum Videoarbitter ass et beim ale Spillstand bliwwen. No ronn 30 Minutten hunn d'Georgier dann ëmmer méi Drock opgebaut an am Numm vum Georges Mikautadze ass dann och direkt den Ausgläich gefall, wéi hien no enger flaacher Flank de Ball hannert d'Linn drécke konnt.
Nom Säitewiessel war op béide Säite vill lass. An enger Partie op Aenhéicht huet e Sonndesschoss vum Arda Güler dann awer rëm fir déi tierkesch Féierung gesuergt. Aus ronn 25 Meter huet sech de jonke Stiermer en Häerz geholl an dem Golkipp keng Chance gelooss. An der Schlussphas huet Georgien dann nach eemol alles dru gesat fir den Ausgläich eng zweete Kéier ze schéissen. Och hei huet de Potto a leschter Sekonn awer den 2:2 verhënnert. Well de Gol vun de Georgier doropshi fräi war, konnt de Kerem Aktürkoglu am direkte Géigenzuch ouni Problemer op 3:1 stellen an den Deckel op d'Partie maachen.
Grupp F: Portugal - Tschechien 2:1
0:1 Provod (62'), 1:1 Hranac (70'), 2:1 Conceicao (90+2')
Zu Leipzig hat vun Ufank u gréisstendeels Portugal d'Kontroll iwwert de Ball. Zwar ass ëmmer nees probéiert ginn de Wee no vir ze sichen, richteg gutt Golchancë sinn dobäi awer net entstanen. D'Ekipp ëm de Star-Stiermer Cristiano Ronaldo huet sech géint eng konzentréiert defensiv Leeschtung vun den Tschechen d'Zänn ausgebass. Eng relativ onspektakulär éischt Hallschent war sou no 45 Minutten ouni Goler op en Enn gaangen.
No der Paus ass de portugiseschen Drock op den tschechesche Gol no an no ëmmer méi héich ginn. Wéi aus dem Näischt ass dann awer op där anerer Säit den 1:0 gefall. Mat engem placéierte Schoss zentral aus ronn 20 Meter huet de Lukas Provod Tschechien iwwerraschend a Féierung bruecht. Portugal war elo natierlech nach méi gefuerdert, ma no nëmmen aacht Minutte war de Spillstand duerch en ongléckleche Selbstgol rëm ausgeglach. Den tschechesche Golkipp Jindrich Stanek hat de Ball no enger Flank op den eegenen Defenseur paréiert, vun deem aus de Ball fir den 1:1 an de Gol gesprongen ass. Kuerz viru Schluss huet den Diogo Jota dann den 2:1 markéiert, ma de Videoarbitter huet sech doropshin op Grond vun enger Abseitspositioun gemellt an de Gol zréckgeholl. Fäerdeg war et domat awer nach net, an der zweeter Minutt vun der Nospillzäit konnt de Francisco Conceicao de Ball hannert d'Linn drécken a sou fir d'Decisioun suergen.