Am Grupp B hunn d'Albaner duerch e Gol an der Nospillzäit nach 2:2 géint Kroatien gläichgespillt.

Um Mëttwoch war op der Futtball-Europameeschterschaft an Däitschland den Optakt vum zweete Spilldag vun der Gruppephas. Am Grupp B sinn Albanien a Kroatien openeegetraff, am Grupp A krut Däitschland et mat Ungarn ze dinn a Schottland huet géint d'Schwäiz gespillt.

Grupp B: Kroatien - Albanien 2:2

0:1 Laci (11'), 1:1 Kramaric (74'), 2:1 Gjasula (76', Selbstgol), 2:2 Gjasula (90+5')

D'Kroate si besser an de Match komm an hu wärend den éischten 10 Minutten Drock op déi albanesch Verdeedegung gemaach, ouni sech awer Golchancen eraus ze spillen. Anescht war dat de Fall bei den Albaner. Hir éischt Offensivaktioun huet an der 11. Minutt och direkt zum Gol gefouert. No enger Flank vu riets huet de Qazim Laci aus 5 Meter mam Kapp eragesat. Vun deem Ament u waren d'Kroaten net méi am Match. Ze vill lues, ze vill statesch, keen Drock a virun allem och keng Golchancen. Anescht huet et bei den Albaner ausgesinn. An der 29. Minutt ass ee Wäitschoss vum Elseid Hysaj aus 15 Meter iwwer d'Lat gaangen. No engem flotte Konter konnt den Dominik Livakovic am kroatesche Gol klären. D'Kroate sinn duerch de Livakovic am Match bliwwen. Kuerz virun der Paus koum de Rey Manaj aus 7 Meter zum Kappball. De Livakovic stoung richteg an et ass mat engem héich verdéngten 1:0 fir d'Albaner an d'Paus gaangen.
 
An der Paus huet de kroateschen Trainer zweemol ausgewiesselt. D'Kroate ware vill méi present an hu sech eng Partie Golchancen erausgespillt. An der 74. Minutt gouf den agewiesselten Andrej Kramaric schéin am 16. ugespillt a säi Schoss war net ze halen. Zwou Minutten drop konnten d'Kroaten duerch ee Selbstgol vum Klaus Gjasula op 2:1 erhéijen. D'Partie war praktesch gelaf, wéi dee selwechte Klaus Gjasula de Ball um Eelefmeterpunkt krut an op 2:2 gesat huet. Dat war de Schlusspunkt an engem Match, an deem d'Albaner an der éischter an d'Kroaten an der zweeter Hallschent besser waren.

Resumé Futtball-EM 2. Spilldag vum Serge Olmo

Grupp A: Däitschland - Ungarn 2:0

1:0 Musiala (22'), 2:0 Gündogan (67')

No enger ganz fréier Chance fir Ungarn huet Däitschland d’Kontroll vum Match iwwerholl an ass duerch den Havertz an den Andrich zweemol geféierlech ginn. An der 22. Minutt huet de Gündogan am géigneresche Strofraum den Iwwerbléck behalen an de Ball op de Musiala geluecht, deen den 1:0 markéiere konnt. D’Ungaren hunn duerch Szoboszlai a Co. ëmmer nees offensiv Akzenter gesat, och no der Féierung ass Däitschland allerdéngs déi dominant Ekipp bliwwen. Bis op eng Aktioun vum Musiala an en Abseitsgol vun Ungarn sinn dunn awer keng grouss Geleeënheete méi zustane komm, soudass et mat engem verdéngten Avantage an d’Kabinne gaangen ass.   
 
Am zweeten Duerchgang huet sech de Spectateuren zu Stuttgart en änlecht Bild gebueden. Däitschland huet zwar d’Partie bestëmmt, kloer Occasiounen sinn awer kaum dobäi erausgesprongen. No 67 Minutten konnt de Kapitän Gündogan sech du fir seng staark Leeschtung mam 2:0 belounen, nodeems hie bei enger Pass vum Mittelstädt um Eelefmeterpunkt vergiess gi war. Ungarn war geschloen an ass kaum méi aus der eegener Hallschent komm, um Enn sollt et trotz e puer weidere Chancë fir d'Heemekipp beim 2:0 bleiwen. No der Optaktvictoire géint Schottland léist Däitschland domat als éischt Ekipp den Ticket fir d'Aachtelsfinallen.

Grupp A: Schottland - Schwäiz 1:1

1:0 McTominay (13'), 1:1 Shaqiri (26')

No enger roueger Ufanksphas zu Köln ass d’Schwäiz no 13 Minutten an e Konter gelaf. De McTominay ass zum Ofschloss komm a säi Schoss gouf onhaltbar vum Schär ofgefälscht, deen domadder fir déi schottesch Féierung gesuergt huet. Op der anerer Säit huet de Shaqiri e puer Minutten drop vun enger Feelpass an der schottescher Defense profitéiert a mat engem herrlechen Ofschloss aus 20 Meter fir den 1:1 gesuergt. D’Schwäizer sinn du besser an de Match komm an haten nach eng Partie Geleeënheeten, Schottland ass iwwerdeems weiderhi vereenzelt geféierlech ginn.  
 
No der Paus war et fir d’éischt eng relativ statesch Partie ouni vill Aktiounen viru béide Goler. No ronn enger Stonn haten déi zwee Schwäizer Ndoye a Vargas gutt Geleeënheete fir de Match ze dréinen, kuerz drop huet den Hanley aus kuerzer Distanz per Käpper de Potto getraff. Virun allem Schottland huet bis zum Schluss weider op den zweete Gol gedréckt, um Enn sollt et awer beim Remis bleiwen.

Wéinst der Goldifferenz dierft et fir d’Schotte schwéier ginn, fir um leschte Spilldag nach laanscht d’Schwäiz op Plaz 2 ze zéien. Ungarn a Schottland maachen déi 3. Plaz an eng eventuell Qualifikatioun fir d'Aachtelsfinall domat aller Viraussiicht no ënnert sech aus, de Schwäizer dierft den Ticket net méi ze huele sinn.