Billie Jean King Cup
FLT-Damme verléiere géint Armenien a kommen op Plaz 6

© FLT
E Freideg huet d'Ekipp vun der Kapitänin Anne Kremer hire leschte Match beim Billie Jean King Cup gespillt.
D'Lëtzebuerger Tennis-Dammen hunn de leschte Match an der Poule ëm d'Plaze 4 bis 6 mat 1:2 géint Armenien geschloe ginn. D'Erna Brdarevic huet sech dem Naira Gevorkian misse mat 2:6 a 4:6 geschloe ginn, d'Liz Baddé huet mat 2:6 an 3:6 géint d'Milena Gevorgyan verluer. Am Dubbel konnte sech d'Claudine Schaul an d'Erna Brdarevic mat 6:0 a 6:3 géint d'Milena Gevorgyan an d'Alina Sogomonyan duerchsetzen.
Domat schléisst Lëtzebuerg den Tournoi zu Chisinau a Moldawien op der 6. Plaz of a spillt och d'nächst Joer weiderhin am Europa-Grupp III.
Am meeschte gelies