Wat mer schonn e Samschdeg gemellt hunn, ass en Dënschdeg offiziell ginn.

De Pit Klein geet fir déi éischte Kéier a senger Karriär op d'Olympesch Spiller. Déi lescht 8 Joer huet de 27 Joer ale Sportzaldot op dëse Moment gewaart.

Um Qualifikatiounstournoi zu Antalya ass et knapp net duergaangen, mee direkt dono um World Cup op der selwechter Plaz gouf et dunn en Happy End. Eng olympesch Plaz iwwer d'Weltranglëscht.

No enger 58. Plaz an der Qualifikatioun huet de 27 Joer ale Bouschéisser am 1. Tour géint d'Nummer 5 op der Welt gewonnen an am zweeten Tour géint de Fransous Jean-Charles Valladont, de 16. op der Weltranglëscht. D'Punkte fir dës Lëscht, déi de Pit Klein, aktuell den 41., mat senger 9. Plaz gesammelt huet, sinn duergaangen, fir sech eng vun de leschte Plaze fir Paräis ze sécheren.