De Weekend vum 9. Juni war an der Coque mat de Luxopen e groussen internationalen Taekwondo-Turnéier hei am Land.

1.200 Sportler aus 63 Länner haten de Wee an d'Coque fonnt, dorënner och Leit, déi an e puer Wochen bei den olympesche Spiller zu Paräis wäerten un den Depart goen, respektiv Leit, déi hei nach wollte Punkte sammelen, fir mat op Paräis goen ze dierfen.

An esou international d'Starterfeld war, esou international waren dann och d'Podiumen an den eenzelen Gewiichtsklassen. Lëtzebuerg ass an de verschiddensten Alters- a Gewiichtskategorie mat 10 Sportler un den Depart gaangen. Mam Junior Abbas Jadouezadehh huet et dann och e Sportler aus dem Grand-Duché op de Podium gepackt, hie konnt sech a senger Kategorie déi drëtte Plaz sécheren.