Fir aacht Ekippen ass d'Europameeschterschaft no 36 Matcher eriwwer. Et gouf vill knapp Resultater.

Vun Underdogs kann ee wuel net méi schwätzen. Fir de fréiere Spiller Roby Langers ware bei deene 36 Matcher, déi bis elo gespillt goufen, der net vill dobäi déi schlecht waren.
"Mat natierlech ganz staarke Spuenier. Den Iwwerraschungsekippen Éisträich a Schwäiz, déi ganz schéine Fussball gespillt hunn. Also den Niveau an der Gruppephas war schonn net schlecht", esou de fréiere Futtballspiller.

Datt Georgien esou iwwerzeegt huet, wier fir jiddereen eng Iwwerraschung gewiescht. An de Play-Offs fir d'Europameeschterschaft hat Lëtzebuerg de Match géint Georgien verluer: "Mee loosst mer net méi doriwwer nodenken." Fir de Roby Langers ass och Slowenien iwwerraschend an den Aachtelsfinallen.

England huet enttäuscht

Déi méi kleng Natiounen hu bis elo op der Europameeschterschaft fir vill Begeeschterung gesuergt. Bei de sougenannte groussen Natiounen hunn der eng Partie enttäuscht. Dorënner virop England,
De Roby Langers: "Ech froe mech, wéini do den Trainer däerf trëppelen, et gëtt awer esou lues Zäit. Frankräich huet bis elo ee Gol geschoss, och ganz schwaach, op 11-Meter. Eis belsch Noperen och eréischt spéit erwächt, an natierlech d'Italiener, déi an der Nospillzäit sech konnte qualifizéieren, an domadder d'Kroaten heemgeschéckt hunn, wat natierlech och eng déck Enttäuschung fir déi ass."

Arbitter zu Onrecht an der Kritik

Dacks stinn d'Arbitteren an der Kritik, fir de Robby Langers maache si awer elo op der Europameeschterschaft ee ganz gudden Job. Et misst een awer och gesinn, dass de VAR eng grouss Hëllef ass a se am Prinzip net méi eleng um Terrain stinn.

EM-Tëschebilan / Reportage Rich Simon

E Samschdeg den Owend ass den Optakt vun den Aachtelsfinallen. An eisem EM-Dossier verpasst Dir kee Resultat.