Laang hat et sou ausgesinn, wéi wann d'EM fir d'Englänner scho fréizäiteg eriwwer wier. Spuenien huet keen Zweiwel u sengem Weiderkommen opkomme gelooss.

Zu Gelsenkirchen huet England d'Slowakei mat enger 2:1-Victoire no Verlängerung eliminéiert. England ass domat de Géigner vun der Schwäiz. Am zweete Match huet sech Spuenien souverän 4:1 géint Georgien duerchgesat an trëfft e Freideg op Däitschland.

E Samschdeg den Owend konnte sech d'Schwäiz an Däitschland déi éischt Plazen ënnert deene leschten aacht Ekippe sécheren.

England - Slowakei 2:1 n.V.

0:1 Schranz (25'), 1:1 Bellingham (90+5'), 2:1 Kane (91')

An den éischte Minutte vum Match hunn d'Englänner de Ball lafe gelooss an d'Geschéien um Terrain kontrolléiert. Richteg geféierlech ass et doduerch awer net ginn. Den éischte Gol ass dann an der 25. Minutt fir d'Slowake gefall. No enger präziser Pass an de Laf war et den Ivan Schranz, deen de Ball laanscht den Jordan Pickford am Gol setze konnt. Vun der englescher Ekipp ass och nom Géigegol am Spill no vir vill ze mann geschitt. Keng Iddien an eng konzentréiert Leeschtung vun der Slowakei hunn dofir gesuergt, datt et bis zu der Paus beim 0:1 bliwwen ass.


Ma och an der zweeter Hallschent huet d'Ekipp vum Gareth Southgate weider keng spilleresch Léisung op de Réckstand fonnt. Zwar hat de Phil Foden tëschenzäitlech de Wee an de Gol fonnt, deen ass awer opgrond vun enger Abseitspositioun rëm oferkannt ginn. Déi bescht Chance op e weidere Gol haten dann d'Slowaken an der 55. Minutt, wéi si vun engem englesche Feeler profitéiert hunn. De Schoss vum Strelec vun der Mëttellinn huet de Golkipp iwwerrascht, ma de Ball ass knapp laanscht de Potto gerullt. Fir England ass d'Zäit ëmmer méi knapp ginn, ma och e staarken Distanzschoss vum Declan Rice sollt vum Potto verhënnert ginn. Den Arbitter hat d'Päif fir de Schlusspëff quasi schonn am Mond, do huet den Jude Bellingham per Fallréckzéier  op 1:1 ausgeglach.










An der Verlängerung hunn d'Englänner de Schwong da matgeholl an an der 1. Minutt direkt op 2:1 gestallt. Der Slowakei huet dorops allerdéngs déi lescht Kraaft gefeelt, fir nach eng Äntwert ze weisen. No 120 Minutten huet den Arbitter de Match dann ofgepaff.


Resumé Futtball-EM Aachtelsfinallen / Reportage Serge Olmo









Spuenien - Georgien 4:1

0:1 Le Normand (18', Eegegol), 1:1 Rodri (39'), 2:1 Fabiàn (51'), 3:1 Williams (75'), 4:1 Olmo (83')

Spuenien hat de Match déi éischt Véierelstonn komplett am Grëff an huet eng Rei Golchancë kreéiert, ass awer net laanscht de georgesche Golkipp Mamardashvili komm. Georgien huet mat der éischter Attack direkt vun engem spueneschen Eegegol profitéiert; de Le Normand huet de Ball no enger schaarfer Flank an den eegene Gol bugséiert. Och uschléissend konnt Georgien vereenzelt Nolstéch setzen, mee Spuenien hat déi besser Aktiounen. Eng dovu konnt de Rodri kuerz virun der Paus mat engem prezise Flaachschoss aus 16 Meter an den Eck zum Ausgläich notzen.

Georgien huet och am zweeten Duerchgang Häerz an Asaz um Terrain gelooss, mee Spuenien war einfach ze staark. Kuerz nom Säitewiessel huet de Fabian zum 2:1 agekäppt, woumat d'Furia Roja op d'Gewënnerstrooss agebéit ass. Georgien huet wuel vereenzelt Attacke lancéiere kënnen, mee Spuenien huet einfach net labber gelooss.

An der 72. Minutt gouf nach e Gol vum Dani Olmo wéinst Abseits oferkannt, dräi Minutten duerno huet de Williams zum 3:1 eragesat an domat seng staark Leeschtung am zweeten Duerchgang gekréint. Och de 16 Joer jonke Lamine Jamal huet dem Match säi Stempel opgedréckt.

Spuenien huet nach e véierte Gol dropgesat an ass domat de Géigner vun Däitschland an der Véierelsfinall. Déi georgesch Ekipp ass wuel ausgescheet, mee huet an der Heemecht an an Europa vill Leit begeeschtert.