Béid Athlete mussen awer weider op een Ticket fir Paräis hoffen. Iwwerdeems huet d'Sofia Snäll am Hummerwerfen een neien nationale Rekord opgestallt.

E Sonndeg war d'Suite vum nationale Championnat an der Liichtathletik um INS, wou et fir de Charel Grethen an d'Vera Hoffmann nach ëm wichteg Punkte fir eng méiglech Qualifikatioun fir d'Olympesch Spiller zu Paräis gaangen ass. Och e Samschdeg waren d'Athletinnen an d'Athlete schonn am Asaz.

Iwwer 1500 Meter huet sech de Charel Grethen den Titel geséchert. Mat engem Chrono vun 3:44,47 war hie gutt sechs Sekonne méi séier wéi den Zweete Gaspar Klückers (3:50,64). Déi drëtt Plaz war fir den Jimmy Keiffer (4:03,13). Bei den Dammen huet sech d'Vera Hoffmann däitlech mat enger Zäit vu 4:11,90 virum Fanny Goy (4:40,78) an dem Elena Lopes (4:46,94) de Championstitel geséchert. Ob béid Champione sech domat en Ticket fir d'Olympesch Spiller séchere konnten, entscheet sech an den nächsten Deeg.

D'Vera Hoffmann iwwer Olympia / Reportage Franky Hippert

Iwwer 110 Meter Hecke vun den Häre konnt sech de François Grailet d'Victoire sécheren. Mat enger Zäit vu 14,47 Sekonne stoung hien um Enn virum Claude Godart (15,81s) an dem Ernest Bragg (16,07s). Bei den Damme gouf et eng Victoire fir d'Dorothee Gloria Mengolo Mvotto (15,38s) virum Lara Angelsberg (15,92s) an dem Lou Dollendorf (16,83s).

Beim Hummerwerfen huet d'Sofia Snäll dann nach en neien nationale Rekord opgestallt a mam véier Kilo schwéieren Hummer domat och déi national U18-, U20- an U23-Beschtleeschtung gebrach. Déi jonk Lëtzebuergerin konnt den ale Rekord vum Isabeau Pleimling aus dem Joer 2021 ëm dräi Zentimeter op 52,67 Meter verbesseren.

Weider Resultater vum Dag fannt Dir hei.