Lafen an Déiereschutz, de Bob Bertemes schwätzt am Sonndesinterview iwwert seng zwou Passiounen.

An der Schlammwiss zu Schëtter hunn ech Rendez-vous mam Bob Bertemes. Den 30 Joer jonke Mann ass e Multitalent. Net nëmmen ass hie selwer sportlech ganz aktiv – de Bob ass beim Celtic lizenzéiert a Mëttelstreckeleefer – hien trainéiert och ganz vill aner Sportler a Sportlerinnen, dorënner seng laangjäreg Frëndin, d’Vera Hoffmann. Do dernieft schafft hien als Kiné a wärend senger Fräizäit observéiert hie ganz gäre Villercher a beréngt si.

"A kuerzer Zäit gesäit een eng grouss Aartevillfalt u Vullen"

Scho mat sengem Papp koum de Bob als klengen Däbbes dem Jim Schmitz vun natur&ëmwelt eng Hand mat upaken wann et geheescht huet, d’Villercher ze zielen an ze beréngen. Deemools war hie schonn hellewech begeeschtert vun der Natur. "Mat 17 Joer huet et ugefaange méi intensiv ze ginn", sou de Bob Bertemes am RTL-Interview. "Zanter 6 Joer sinn ech reegelméisseg dobäi."

De Bob Bertemes kann een als Déierefrënd bezeechnen. Seng Spektiv huet hien ëmmer grëffbereet a wärend eisem Rendez-vous hält hien déi dacks virun d’Aen, fir déi verschiddenst Vulle méi no ze gesinn.

"De Bob ass esou séier hei ewéi hie leeft"

Als enthusiasteschen an als agreabele Mataarbechter gëtt de Bob Bertemes beschriwwen. "Keng Sekonn ass him ze fréi, keng ze spéit fir hëllefen ze kommen" seet de Jim Schmitz, Responsabel vun der Berengungsstatioun an der Schlammwiss. Am Joer 1969 goufen eng éischte Kéier Villercher am Naturreservat beréngt. "Tëscht 600 a 700 Dausend Vullen hu mir no iwwer 50 Joer hei beréngt." Ganz houfreg erzielt de Jim Schmitz mir dëst a weider "ganz vill Vulle gounge mëttlerweil och schonn duerch dem Bob seng Hänn."

De Bléck duerch d’Spektiv: "Et muss ee vun der Sensatioun ausgoen"

Dëst äntwert mir de jonken Athlet op meng Fro, firwat hien esou dacks duerch d’Spektiv kuckt. "Et gëllt séier ze sinn. Op des Manéier kann een alles gesinn." Den Hobby Ornitholog konnt ugangs vum Joer e ganz seelene Vull hei zu Lëtzebuerg noweisen. Riets geet vun enger "Spornammer", also enger "Lapplandmësch". Am Februar huet de Bob dëse Vull eng éischte Kéier hei am Land erbléckst.

"De Flaachlandgorillaen op der Spuer"

Mat sengem beschte Kolleeg, dem Charel Müller, war de Bob Bertemes zesummen op der Sich no de Flaachlandgorillaen. An Zentralafrika, méi genee am Gabon, ware béid Männer. "Mir hu ganz vill exotesch Vullen, Elefanten an Afenzorte konnte beobachten." 5 Deeg ware si ënnerwee a no 3 Deeg Waarde war et souwäit. De Bob an de Charel sinn engem Flaachlandgorilla begéint.

"Duerfkiné vu Beruff"

Kiné ass de Bob Bertemes vu Beruff. Zu Uewerkuer op der Lunex huet de Liichtathlet geléiert. "Duerch meng eege Blessure sinn ech a Kontakt mat dësem Beruff komm", sou de Sportler. "Déi Kinéen hu mir ëmmer nees gehollef, séier op d’Been ze kommen. Dacks sinn ech no menger Verletzung méi staark zréckkomm an dat huet mech motivéiert an déi Richtung ze léieren."

Veterinär wier en anere Beruff gewiescht, deen de Bob Bertemes op senger Lëscht stoen hat. Verschidde Leit muss ee motivéieren, fir Übungen ze maachen, Sportler muss een éischter e bëssi bremsen. Als Duerfkiné muss een d’Leit éischter e bëssi motivéieren, erzielt den ëmmer gutt gelaunte Bob weider.

"De Vull fänken"

Zesumme mat ville Kolleegen a Kolleeginne beréngt de Bob also reegelméisseg Vullen an der Schlammwiss. Wann de Vull bis gefaangen ass, ginn all déi relevant Daten opgeholl. "D’Gewiicht, d’Flillekelängt an den Alter vum Vull ginn opgeschriwwen."

"Sauer Been"

Sou heescht dem Hobby Ornitholog säi jéngste Bëbee. All Sonndegmoien um 09.45 Auer treffen sech Leefer a Leeferinnen zu Angelduerf bei engem grousse Sportsgeschäft um Parking. "Verschidde Leit lafe 5 Kilometer, anerer 20 Kilometer. Déi eng lafen 8 Minutten de Kilometer, anerer brauche 4 Minutten de Kilometer. Dat ass ganz egal. Et soll een zesummekommen, fir eppes zesummen z’erliewen",erzielt mir de Bob Bertemes wärend seng Ae blénke vu Begeeschterung.

Ufank September bestit sech de Bob Bertemes mam Vera Hoffmann op der Gemeng. Wärend iwwer 10 Joer si si zesummen. Gefeiert gëtt den 21. September. An obwuel allen zwee passionéiert Sportler sinn, wier d'Thema Sport awer net liewensbestëmmend an hirem Alldag.