Mat 2 Goler huet de Merih Demiral seng Ekipp an d'Véierelsfinall vun der Futtball-EM geschéckt. Ma e kontroverse Geste nom 2. Gol steet elo am Fokus.

An der 59. Spillminutt konnt de 26 Joer alen Defenseur op 2:0 géint d'Éisträicher erhéijen. Beim Applaus huet den Demiral dunn de sougenannte "Wollefsgrouss" gewisen, en Hand-Geste, dee vun tierkesche Rietsextremiste wéi de "Groe Wëllef" gebraucht gëtt. An de soziale Reseaue gouf dëse Virfall kontrovers diskutéiert a vu ville Leit eng Spär fir den Nationalspiller gefuerdert.

De Merih Demiral selwer huet sech och zu sengem Geste geäussert a betount, et géif "kee verstoppte Message" hannendru stiechen: "Mir sinn alleguer Tierken, ech sinn immens houfreg drop, Tierk ze sinn an dat ass de Sënn vun dësem Geste. Ech wollt einfach nëmmen demonstréieren, wéi vill ech mech freeën a wéi houfreg ech sinn". Och sot hien, datt en hofft, datt et "nach Occasioune" wäert ginn, fir "dëse Geste ze weisen".

D'"Gro Wëllef", oder "Bozkurtlar" wéi se op tierkesch genannt ginn, sinn tierkesch Nationalisten a Rietsextremisten, déi der Partei MHP nostinn an dacks duerch Gewaltdote géint aner Minoritéiten opfalen, déi an hiren Ae Feinden duerstellen. Besonnesch Kurde sinn heefeg Ziler vun de "Groe Wëllef". E weideren Deel vun hirer Ideologie beinhalt d'Schafe vun enger grouss-tierkescher Natioun, déi sech iwwer déi aktuell Staatsgrenzen erausstreckt an Deeler vum Balkan an Zentralasien ëmschléisst.

Déi tierkesch Futtballnationalekipp trëfft no der 2:1-Victoire géint Éisträich elo an der Véierelsfinall op Holland. De Match wäert de 6. Juli am Berliner Olympiastadion gespillt ginn.