An eiser Serie iwwer d'Lëtzebuerger Sportler, déi bei den Olympesche Spiller dobäi sinn, wëlle mir Iech de Mënsch hannert dem Sportler méi no bréngen.

Portrait Pit Klein
Kuckt hei de kompletten Interview.

Mat 27 Joer huet sech de Pit Klein nach op de leschte Stëppel fir seng éischt Olympesch Spiller qualifizéiert. Um Qualifikatiounstournoi zu Antalya am Juni war et knapp net duergaangen, mee direkt dono um World Cup op der selwechter Plaz gouf et dunn en Happy End. Eng olympesch Plaz iwwer d'Weltranglëscht.

De Pit Klein méi privat

RTL

De Pit Klein huet eréischt 2009 mam Bouschéissen ugefaangen. Do virdrun huet de Sportzaldot Badminton gespillt. Wéi hien awer bis d'Bouschéissen entdeckt hat, huet hie sech just nach dorop konzentréiert. Do hunn d'Leit schonns fréi gemierkt, datt hien Talent hätt. De Pit Klein selwer mengt awer, datt hien net onbedéngt mega talentéiert wier, ma hie wier einfach immens motivéiert gewiescht an hätt haart geschafft, fir op e gudden Niveau ze kommen. Wéi hien du mat senger Schoul fäerdeg war, huet hie sech decidéiert, Sportzaldot ze ginn, fir säi Sport weiderhi kënnen ze maachen. Dat ass elo 8 Joer hier.

RTL

"No der Olympiad wäert ech professionell Karriär bei der Arméi maachen", sot eis de Pit Klein am Interview. Hien huet den Examen, fir Ënneroffizéier ze ginn, gepackt a wäert deemno no Paräis e puer Joer mam Sport méi kuerz trieden. Nawell hofft hien, sech och fir d'Olympesch Spiller 2028 zu Los Angeles ze qualifizéieren, och wann dat méi schwéier dierft ginn.

"Fir mech ass Motivatioun en Challenge, dee schwéier ze erreechen ass", ënnersträicht de Pit Klein a spillt domat och op d'Olympesch Spiller 2028 zu Los Angeles un. Hie wéilt sech keng einfach Saache virhuelen an eng Qualifikatioun fir LA 2028 no 2 Joer manner Sport wier esou en Challenge, deemno eng enorm Motivatioun.

Am Liewe vum Pit Klein dréit sech ganz vill ronderëm d'Bouschéissen. Seng Fra huet ënnert anerem e Geschäft fir Bou-Material an och ee vu senge gréissten Hobbyen ass enk un d'Bouschéisse gekoppelt. An zwar geet et do ëm d'3D-Printen, allerdéngs wieren déi Saachen, déi hie sech do ausdenkt, och nees un de Bousport orientéiert, erkläert de Pit Klein am Interview.

E "perfekte fräien Dag" gëtt et fir de Pit Klein net. "Et ass ëmmer iergendeppes ze maachen", seet de Bouschéisser. Ofgesinn dovunner wier hie keng Persoun, déi sech 8 Stonnen op d'Plage leeë kéint. E perfekten Dag wier fir hien nach ëmmer een Dag, un deem hien eppes ka maachen.

Mat där Astellung seet hien och: "De Sport am jonken Alter ass schonn eng ganz gutt Schoul fir d'spéidert Liewen". De Sport hätt him bäibruecht, erwuessen ze ginn. Et wier net ëmmer einfach gewiescht, all Dag weiderzemaachen, virun allem a schwierege Momenter, ma iergendwann géif den Ament kommen, wou sech all déi haart Aarbecht bezuelt mécht. Et wier allerdéngs frustréierend, datt eng Partie Leit, deen Ament ni erliewe wäerten, well se virdru schonns opgehalen hunn. Wann een awer bis dohinner kënnt, "dann ass dat, mengen ech, ee vun de schéinste Momenter, wou ee kann hunn".

Wie weider wësse wëll, wou de Pit Klein am léifsten hireese wéilt oder wéi haart hien all déi Jore geschafft huet, ka sech de kompletten Interview ukucken an ulauschteren.

RTL