Patrizia van der Weken no historescher Victoire héich motivéiert
Déi 24 Joer jonk Lëtzebuergerin koum op den 100-Meter-Sprint mat enger Zäit vun 11,06 Sekonnen op déi 1. Plaz.
D’Patrizia van der Weken war fir déi éischt Kéier bei engem Diamond-League-Meeting mat dobäi. Zu Paräis gouf d’COSL-Elite-Sportlerin mat engem Chrono vun 11 Sekonnen a 6 Honnertstel déi 1. an ass domadder nëmme 6 Honnertstel hannert hirem eegene Lëtzebuerger Rekord bliwwen.
D’Lëtzebuergerin huet sech virum Gina Bass Bittaye aus Gambia (+11,09) an dem Ewa Swoboda aus Polen (+11,16) konnten duerchsetzen. D’Polin hat sech op der EM am Juni Sëlwer geséchert. D’Patrizia van der Weken koum do op déi 4. Plaz.
"Ech sinn natierlech super zefridden. Domadder hat ech wierklech net gerechent. Ech war schonn immens frou, iwwerhaapt ee Couloir ze kréien an dann eeben a sou engem staarke Feld ze gewannen, ass natierlech super flott. [...] Ech géing soen, et ass e bësse wéi eng Generalprouf. Also et ass net am nämmlechte Stadion, mee et ass trotzdeem Paräis an engem immens gudde Feld. Deementspriechend war et mer halt scho wichteg, do gutt ze lafen. Ech mengen, dëst gëtt mer halt relativ vill Confiance fir d’Suite."
D'Viraussetzunge fir d'Course ware fir d'Lëtzebuergerin awer net ideal. "Ech sinn super zefridde mat mengen Zäit vu gëschter, virun allem, well ech zwee Meter Géigewand hat. Jiddwereen, dee sech an deem Beräich e bëssen auskennt, weess, dass zwee Meter immens, immens vill ass. Deementspriechend mengen ech, ass do nach e bëssen eppes méiglech."
D'Konkurrent beim Meeting e Sonndeg war staark. Dat gëtt nach eng Kéier en extra Boost esou kuerz virun den olympesche Spiller. "Et waren eng Rei immens staark Dammen am Feld gëschter. Dat gëtt meng immens vill Confiance fir déi nächst Competitiounen. Ech probéieren, mech dann net all ze vill drop ze fokusséieren. Ech muss einfach konzentréiert bleiwen a mech op dat Weesentlecht konzentréieren, da passt dat schonn.”
Bis zum groussen Dag bei den olympesche Spiller stinn nach zwou weider Courssen um Programm. “Bis elo kann ech mech absolutt net bekloen. Ech hat een zwee kleng Bobboen, déi awer elo mëttlerweil nees okay sinn. Ech hu esou gutt wéi keng Traininge verpasst. Dat heescht, bis elo ass alles okay. Ech lafen elo nach de Freiden zu Monaco och der Diamond-League. Dann nach eng Kéier an der Schwäiz e Sonndeg. An da geet et jo scho Richtung Paräis, da maache mer eeben déi lescht Preparatiounen. An dann geet et séier.”
Eng Finall bei den Olympesche Spiller wier net just d'Zil, mä och e groussen Dram, deen an Erfëllung geet. "Dat wier absolutt den Dram, dee mer do an Erfëllung géing goen. Ech mengen eng Halleffinall wier schonn immens, immens gutt. An dann, musse mer halt den Dag selwer kucken, wéi ech a Form sinn, wéi déi aner a Form sinn. Wann alles stëmmt, da mengen ech, kann ech do schonn e bëssen dreemen."