Nodeems Spuenien et en Dënschdeg an d'Finall gepackt huet, hunn e Mëttwochowend Holland an England an der 2. Halleffinall géintenee gespillt.

England klappt Holland a steet an der Finall / Reportage Sam Rickal

No engem Gol an der 90. Minutt huet England mat 2:1 géint Holland gewonnen a spillt an der Finall géint Spuenien. An enger animéierter éischter Hallschent hat de Xavi Simons Holland schonn no 7 Minutte mat 1:0 a Féierung bruecht. Den englesche Superstar Harry Kane konnt op Eelefmeter hin ausgläichen. No der Paus war et däitlech manner spektakulär um Terrain. Wéi béid Ekippen an d'Spectateure sech op eng Verlängerung agestallt haten, huet de Watkins den entscheedende Gol markéiert.

Holland - England 1:2

1:0 Xavi Simons (7'), 1:1 Kane (18', Eelefmeter), 1:2 Watkins (90')

Nodeems béid Ekippe virun der Halleffinall net ëmmer de beschte Futtball gewisen hunn, ass dëse Match mat vill Elan lassgaangen. No intensiven éischte Minutten huet de Xavi Simons no knapp 7 Minutten den 1:0 markéiert. Nodeems hien dem Rice de Ball ofgeholl hat, konnt de Pickford säi secke Schoss aus der Distanz net paréieren. Et huet awer net laang gedauert, ier England ausgläiche konnt. No 15 Minutten huet de Kane iwwer de Gol geschoss, gouf dobäi awer vum Dumfries gefoult. Nodeems de VAR sech gemellt huet, huet den Arbitter op de Punkt gewisen. Den Eelefmeter gouf vum Kane verwandelt.

Kuerz drop hätt de Foden de Match komplett kéinten dréinen, den Dumfries huet de Ball awer vun der Linn gekraazt. Et ass hin- an hiergaangen an den Dumfries huet op der anerer Säit just d'Lat getraff. Puer Minutte méi spéit huet och de Foden de Ball op d'Lat geschoss. Et war eng ganz animéiert Partie an där den Depay sech an der 35. Minutt blesséiert huet. Fir hien ass de Veerman op den Terrain komm. Et goufen nach puer méi kleng Chancen, ier d'Säite mam 1:1 gewiesselt goufen.

No der Paus hunn Three Lions de Ball an den eegene Reien dréine gelooss, wärend Holland méi op Kontere gelauert huet. Den Tempo war manner héich an et goufen deemno op béide Säite manner Chancë wéi an der éischter Hallschent. An der 65. Minutt gouf et déi éischt geféierlech Chance fir Holland. De van Dijk ass awer um Pickford hänke bliwwen.

D'Ekipp vum Ronald Koeman war elo nees besser an der Partie an huet sech e liicht Iwwergewiicht um Terrain erausgespillt. No enger Flank vum Gakpo huet de Xavi Simons de Ball net richteg getraff. Op der anerer Säit louch de Ball no der éischter gudder Aktioun vun den Englänner am Filet. Dem Saka säi Gol huet wéinst Abseits awer net gezielt. An de leschten 10 Minutte wollte béid Ekippen de Risiko miniméieren an hunn offensiv net méi vill gewisen. Mat enge vun de leschten Aktioune vum Match huet de Watkins den 2:1 markéiert an d'Englänner an d'Finall bruecht.